
Dat Lëtzebuerg den Triple A behält, huet d’Ratingsagence Moody’s e Freideg confirméiert, ewéi de Finanzministère e Samschdeg de Moien matdeelt. Dräi Mol A, dat wär d’Resultat vu gudde politeschen, ekonomeschen a finanztechneschen Decisiounen, esou d’Regierung.
International wär d’Confiance an de Grand-Duché grouss. An onsécheren Zäite wären d’Lëtzebuerger Ekonomie resilient an d’Staatsfinanzen robust. Moody’s no géif de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg och acceleréieren. D’Croissance vum PIB léich d’nächst Joer bei 2,1 Prozent. D’Staatsschold géif der Agence no graduell vun 27 Prozent dëst Joer op 28,2 Prozent 2027 klammen.