CGDISAccident tëscht zwee Bussen op der N31 a fënnef Blesséierter um Lampertsbierg

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt véier Tëschefäll vum Freideg den Owend, bei deenen aacht Leit blesséiert goufen.
© Laurent Weber

De Samu vun Esch war e Freideg den Owend zweemol am Asaz. Géint 19.45 Auer hat et an der Zolwer Strooss zu Bieles an engem Appartement gebrannt. De CGDIS mellt ee Blesséierten, wärend awer fënnef Persounen an d’Spidol koumen, déi meescht fir eng Kontroll. Nieft dem SAMU waren eng ganz Rei Rettungsequippen aus dem Minett, Suessem/Déifferdeng, Käerjeng, Schëffleng, Esch a Keel, am Asaz.

Géint 20.40 Auer du waren op der National 31 tëscht Esch a Bieles zwee Bussen aneneegerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. De SAMU war nieft en Ekippe vu Schëffleng, Suessem/Déifferdeng an Diddeleng, op der Plaz.

En Accident mat direkt fënnef Blesséierten war kuerz no 20.30 Auer um Lampertsbierg an der Stad an der Allee Scheffer. Zwee Ween hate sech do ze pake kritt, d’Stater Rettungsdéngschter waren hei am Asaz. Um18.30 Auer schonn hat et gerabbelt op der Diddelenger Autobunn um Beetebuerger Kräiz. Eng blesséiert Persoun gouf vun de Rettungsekippe vun Diddeleng a Beetebuerg behandelt.

Back to Top
CIM LOGO