
D’Héichwaasserzentral vum Waasserwirtschaftsamt huet eng Vigilance jaune declenchéiert, déi mol bis e Sonndeg de Moie gëllt. Aktuell steet d’Musel zu Réimech beispillsweis bei 4,30 Meter, dat ass e knappe Meter méi héich wéi normal, esou ass am Rapport ze liesen.
Zu Stadbriedemes rechent een dermat, dass déi giel Warnstuf vu 5,30 Meter am Laf vum Freideg den Owend wäert erreecht ginn. All d’Detailer an reegelméisseg Updates fënnt een op innondations.lu.
An der éischter gréisserer däitscher Stad un der Musel ass de Floss plazeweis och schonn aus sengem Bett geklommen. E Freideg de Moien gouf hei e Peegelstand vu 6,70 Meter gemooss, Prognosen no kann et nach bis op 7,12 Meter klammen. Och wann hei net mat Schlëmmerem gerechent gëtt, well een net dovun ausgeet, datt d’Musel hei op iwwer 7,95 Meter klëmmt, ginn et scho verschidden Aschränkungen an der eelster däitscher Stad.
Op anere Plaze laanscht d’Musel huet d’Waasser dogéint schonn en Afloss op dat alldeeglecht Liewen. Esou ass d’Strooss tëscht Traben-Trabach a Reil scho plazeweis iwwerschwemmt, esou datt et hei zu Problemer am Trafic kënnt.