De Kollektiv schwätzt sech kloer géint eng Impfflicht aus. Konkret Punkte goufen an der 90 Minutte laanger Pressekonferenz awer keng genannt.

Den neie Biergerkollektiv "Fräi Liewen – Pour le sauvegarde des droits citoyens et contre l’ obligation vaccinale" huet e Freideg de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert, fir hir Revendicatioune fir d’Covid-Politik presentéiert. De Group schwätzt sech kloer géint eng Impfflicht, konkret Punkte goufen iwwer déi 90 Minutten awer keng genannt.

De Kollektiv beschreift sech selwer als apolitesche Grupp vu Bierger, geimpft an net geimpft, dee sech fir d'Fräiheet an d'Biergerrechter asetzt. Déi wieren an der Pandemie net respektéiert ginn, esou den Affekot Radu Duta, Member vum Kollektiv. Si wieren d'Spigelbild vun enger Gesellschaft, déi midd ass a keng Koherenz méi an der politescher Gestioun vun der sanitärer Kris gesäit.

De Grupp fuerdert zwar an engem Communiqué ënnert anerem méi eng grouss Transparenz vun den Donnéeën, déi der Regierung virleien, an eng alternativ Strategie zu der Impfflicht. Dës goufen an der Pressekonferenz awer weder ugeschwat nach weider erkläert. Wat als Pressekonferenz iwwert d'Impfflicht ugekënnegt war, war um Enn e laange Mix aus alle méiglechen alternative Fakten. Virun allem awer misst d'Gesellschaft méi zesumme wuessen, heescht et vum Kollektiv, well et séiz ee jo an engem Boot. Trotzdeem huet de Grupp net mat der Kritik un der Regierung gespuert.

Et wier scho bal net méi méiglech ze soen "Ech wëll mech net impfe loossen", erzielt de Museker David Ianni. Dat géif net akzeptéiert ginn. D'Leit géifen ausfalend, respektlos ginn an ee perséinlech ugräifen. Datt eng net geimpfte Persoun mat de Konsequenze misst liewen, léisst hien net gëllen. Et misst ee sech géigesäiteg respektéieren, soss géif d’Mënschlechkeet verluer goen.

Op d'Fro vun enger Journalistin, ob de Grupp sech mat den Impfgéigner géif identifizéieren, koum dunn awer eng manner respektvoll Äntwert. "Wat ass dat fir e Blödsinn", heescht et vum David Ianni. De Vaccin géif d'Humanitéit op eng "animalerie à ciel ouvert" reduzéieren, behaapt doropshin d'Sciences-Prof Antoinette Welter. Et géif Leit ginn, déi géint all Zort vu Vaccin sinn, an eben déi Leit, déi sech net deen heiten "Cocktail aus onbekannt Moleküllen" wéilte sprëtze loossen. Dobäi war déi Fro net aus der Loft gegraff. Déi ganz Pressekonferenz iwwer goufen nämlech d'Impfungen am allgemengen, respektiv déi nei mRNA-Impfstoffer am Speziellen, massiv a Fro gestallt.

Et wéilt ee kritesch an nuancéiert sinn, sech awer net an en Eck vun "dofir oder dogéint" drécke loossen, erkläert zum Schluss dunn nach den Zänndokter Romain Blum. Dat hei wier nëmmen en éischte Schrëtt, an Zukunft wiere méi Reunioune geplangt. Et hätt een d'Revendicatiounen an Tëschenzäit och un d'Politik weiderginn. Dozou krute mir awer keng weider Informatiounen.

Biergerkollektiv "Fräi Liewen" / Reportage Danielle Goergen