
Dee gouf de 25. Januar an engem 1. Vott an der Chamber guttgeheescht.
Dëst ass ewell déi zweet Initiativ an deem Sënn. Eng éischt Aktioun fir e Referendum iwwert de Justiz-Kapitel hat ronn 7.400 vun 25.000 néidegen Ënnerschrëften gesammelt, sou datt et zu engem zweete konstitutionelle Vott an der Chamber komm war an net zu engem Referendum.
Et ass also elo ewell den zweeten Ulaf, fir e Referendum z’organiséieren, dat vun engem Initiativ-Comité, deem folgend 9 Leit ugehéieren:
Madame Jutta Margarete KIRSTEN, 53 ans, 10A, Route de Mondorf à L-5670 Altwies ;
Monsieur Bob SCHMITZ, 40 ans, 4, Montée St. Urbain à L-5573 Remich ;
Madame Nora Liliane PLEIMLING, 36 ans, 2, Um Bangels à L-7640 Christnach ;
Monsieur Patrick MISCHEL, 44 ans, 48, Op der Schanz à L-6225 Altrier ;
Madame Valérie LORANG, 30 ans, 71, Rue de Larochette à L-7635 Ernzen ;
Monsieur Pierre Lucien Joseph LORANG, 61 ans, 126, Rue de Luxembourg à L-7540 Rollingen ;
Monsieur Benoit HENKES, 50 ans, 27, Rue de l’École à L-9184 Schrondweiler ;
Madame Marie Jeanne ARENDT, 54 ans, 24, An Aasselbaach à L-9776 Wilwerwiltz ; et
Madame Caterina Carmen MANUCCI, 59 ans, 3, Rue Kiem à L-6187 Gonderange,
De reforméierte Verfassungstext op Legilux.public.luVum 2. Mäerz u leien deemno nees an alle Gemengen am Land Ënnerschrëfte-Lëschten aus, woufir sech Walberechtegter musse selwer an d’Märei deplacéieren, fir hir Signatur fir e méigleche Verfassungsreferendum ze maachen.
Bis den 25. Mäerz, also Halleffaaschten, leien dës Lëschten an de Gemengen aus.