
Hinne gëtt virgehäit, an diverse Punkten an deene leschte Méint géint d’Covid-Gesetz verstouss ze hunn.
Mat 10 Minutte Verspéidung ass de Peter Freitag an de Geriichtssall eragestiermt komm. Vu grousser Opreegung awer keng Spuer. Säi Kolleeg a Matugekloten Jean-Marie Jacoby souz schonn zanter enger knapper hallwer Stonn do ze waarden. Seng déck rout Jackett iwwer sengem roude Pullover huet hien net ausgedoen a wäert dat och wärend dem ganze Prozess vu bal 3 Stonnen net maachen. Eng Mask kéint hien och net undoe wéinst enger Longeverätzung. Affekote waren da keng am klengen Geriichtssall, déi 2 Ugekloten hu sech nämlech selwer verdeedegt.
De Riichter huet d’Faiten aus 6 Dossiere virgedroen, mat deenen de Parquet saiséiert gi war. Den zwee Ugeklote gëtt virgehäit, bei diverse Maniffen d’lescht Joer an der Stad keng Mask ugehat ze hunn an d’Distanzreegelen net agehalen ze hunn. Doriwwer eraus hätte si eng Lautsprecheranlag benotzt, wat, falls net autoriséiert, géint d’Gemengereglement vun der Stad Lëtzebuerg verstéisst. Dem Peter Freitag gëtt doriwwer eraus nach virgehäit, zu engem Ament, wou dëst am Kader vun de Covid-Gesetzer verbuede war, Alkohol an der Ëffentlechkeet gedronk an de Couvre-feu eng Kéier net respektéiert ze hunn.
Déi zwee Ugeklote wiere sech awer vehement dogéint, eppes Falsches gemaach ze hunn. “Ech hu mech héchstens schëlleg gemaach, meng Meenung ze soen”, sot de Peter Freitag. Déi zwee streiden d’Faiten net of, mä stellen d’Rechtméissegkeet vun de Covid-Mesuren a Fro. Aus dësem Grond hu si sech un de Riichter geriicht an hie gefrot, fir eng Question préjudicielle un d’Verfassungsgeriicht ze stellen. Der Meenung vun den Ugekloten no géingen d’Mesuren nämlech géint d’Constitutioun an d’Mënscherechter verstoussen. D’Strofgeriicht kéint zwar jugéieren, a wéi fern d’Mesurë mëssuecht goufen, mä wier awer net kompetent dofir, fir d’Mesuren u sech a Fro ze stellen. De Vertrieder vum Parquet mengt awer, datt och an der Constitutioun d’Fräiheet hir Limitten hätt.
D’Argumenter, mat deenen déi Ugeklote probéiert hunn, hire Jugement ze ënnermaueren, si Mol méi, Mol manner ëmstridden. Sou huet de Jean-Marie Jacoby ëmmer nees behaapt, datt d’Obligatioun, eng chirurgesch Mask mussen unzehunn, géing géint den Droit à la santé verstoussen. Duerch d’Mask kréich een e Sauerstoffmanktem an et wier onhygienesch a schiedlech, wann ee se net all 20 Minutte géing wiesselen. D’Distanzreegel vun 2 Meter géing dozou féieren, datt den Immunsystem vu Leit, déi keng enk Kontakter méi hunn, geschwächt géing ginn. Och Vergläicher zu der Nazizäit koumen op den Dësch. Sou huet de Peter Freitag gemengt, hie géing Parallellen tëscht dem Arier-Pass an dem Corona-Pass gesinn, ouni awer wëllen direkt Vergläicher ze zéien. De Jean-Marie Jacoby huet gemengt, d’Obligatioun eng Mask ze droen, wier en Experiment um Mënsch, sou wéi och den Dr. Mengele Experimenter u Mënsche gemaach hätt. Dobäi hätt dësen awer nach versicht, en Impfstoff ze fannen.
Et wier net méiglech, géint Masken an d’Distanzreegelung ze protestéieren an dann eng Mask unzedoen an Distanz anzehalen, huet de Peter Freitag gemengt. De Riichter huet doropshi gefrot, ob hien dann och géing mengen, keng Steiere mussen ze bezuelen, wann e géint dës protestéiert. Doropshin huet den Ugeklote gemengt, en hätt jo an deem Fall kee Choix.
De Parquet huet eng ugemoosse Geldstrof fir déi 2 Ugeklote gefuerdert an drop higewisen, datt déi ënnerschiddlech Verstéiss majoritär géinge poursuivéiert ginn, well se ëmmer nees widderholl gi wieren. Nom Prozess soten de Peter Freitag an de Jean-Marie Jacoby am Haff vum Geriicht dann onofhängeg vuneneen, datt se frou doriwwer wieren, datt ee si schwätze gelooss hätt an hinnen nogelauschtert gi wier. D’Urteel gëtt den 1. Mäerz gesprach.