25.000 Traitementer mat Lageviro solle geschwënn zu Lëtzebuerg ukommen
Antiviral Medikamenter géint de Coronavirus wäerten an de nächste Joren eng wesentlech Roll spillen.
Den Ament kënnt mat Lagevrio zu Lëtzebuerg nëmmen ee Medikament an den Asaz, am Laf vun der Woch sollen och éischt Liwwerunge vum Medikament Paxlovid ukommen.
D'Nouvelle, datt den Ausseminister Jean Asselborn positiv op Sars-Cov-2 getest gouf, koum leschte Freideg.
An engem Bäitrag an de soziale Medien huet de Jean Asselborn matgedeelt, datt hien d'Medikament Lagevrio vum Dokter verschriwwe krut. En antiviraalt Medikament, wat ee relativ séier nom positiven Test muss huelen, fir ze verhënneren, datt de Virus sech am Kierper ka replikéieren.
Op Nofro bei der Direktioun vun der Santé krute mer erkläert, datt d'Hausdoktere Formatioune kruten, fir d’Patienten ze beroden a wann néideg, och d'Medikament ze verschreiwen. De Grand-Duché krut vun der Pharmaentreprise Merck 5.000 Traitementer vum Lagevrio, dat nach keng Zouloossung vun der europäescher Medikamentenagence huet, mä iwwert een Arrêté ministériel op Basis vun der brittescher Zouloossung, och zu Lëtzebuerg eng Derogatioun krut a genotzt ka ginn.
Den Direkter vun der Santé sot och, datt am Laf vun dëser Woch 20.000 Traitementer vum Medikament Paxlovid zu Lëtzebuerg ukommen. Béid Medikamenter sinn nëmme fir Risikopatiente virgesinn a kann ee mat enger Ordonnance an den Apdikte vun de Spideeler kréien.