D’Aarbechte vun de Spezialiste vum Deminage ware géint 16.55 Auer ofgeschloss, nodeems se d’Bomm kontrolléiert gesprengt haten. D’Leit konnten duerno nees zeréck an hir Wunnengen.
D’Police hat ënnert anerem den Abrigado evakuéiert, grad ewéi d’Haiser an d’Restauranten an där Regioun. All d’Accèse Richtung Stater Gare goufe vun der Police gespaart. Wéi d’Lydie Polfer am RTL-Interview sot, wier e Sécherheetsperimeter vun 200 Meter ronderëm d’Bomm ageriicht ginn. Déi evakuéiert Leit goufen dunn an d’Sportshal zu Bouneweg bruecht. Och eng Crèche huet mussen evakuéiert ginn. Déi Kanner an d’Personal konnten op Gaasperech bruecht ginn.

Duerch d’Evakuéierung vun der Central Sous-Station, déi d’Energieversuergung vum ganzen Eisebunnsreseau vum Land sécherstellt, war den Zuch-Verkéier op deem kompletten Netz ënnerbrach.
D’CFL schaffen un engem alternativen Zirkulatiounsplang a froen hir Clienten, fir sech iwwert d’Horairen um Site cfl.lu z’informéieren, éier ee wëll den Zuch huelen.
Den Zuchtrafic gouf géint 18 Auer nees schrëttweis opgeholl. Et kann awer sinn, dass et op verschiddene Verbindungen nach en Tick méi laang dauert, bis alles nees normal leeft.