Mam "Virage ambulatoire" géif ee vun engem op d'Spidol zentréierte System op ee goen, wou den Dokter de Parcours vum Patient koordinéiert.

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem steet viru groussen Erausfuerderungen. D'Covid-Pandemie huet eis d'Stäerkten an d‘Schwächte vun deem System däitlech virun Ae gehalen. Elo muss d'Politik d'Weeche stellen, fir dass d'Patienten och an Zukunft déi néideg Soine kënne kréien. An deem Kader war op Demande vun der CSV en Dënschdeg eng Orientéierungsdebatt an der Chamber. D'Richtung ass awer scho kloer.

Gesondheetspolitik an der Chamber / Rep. Pierre Jans

"Virage ambulatoire" ass de Begrëff vun der Stonn. Et wär de Passage vun engem System, deen op d'Spidol zentréiert ass, an e System, an deem d'Dokteren de Parcours vum Patient koordinéieren. Lokal medezinesch Strukturen, ewéi Gemeinschaftspraxissen oder Maisons médicalen, sollen dobäi méi Gewiicht kréien. Méi no bei de Leit wär dat, d‘Spideeler géifen entlaascht ginn, betount d'DP-Deputéiert Carole Hartmann.

"De medezinesche Fortschrëtt mécht dat méiglech. Vill Agrëff sinn haut manner invasiv, ewéi dat fréier war. Et brauch ee manner laang fir d‘Iwwerwaachung no enger OP am Spidol."

Méi fräi Better, manner laang Attenten an den Urgencen, well ee mat manner akute Boboen net méi misst an d'Urgence sëtze goen.

Net nëmme logistesch stelle sech vill Froen, mä och legal. An natierlech geet et och ëm Suen. Déi al Diskussioune ronderëm déi sougenannt pluridisziplinär Zenteren, déi dat selwecht performant Equipement hätten, ewéi e Spidol, ginn nees gefouert. Stéchwuert IRMen, fir déi et jo éiweg laang Waardezäite gëtt. Dofir ass et fir de Claude Wiseler vun der CSV evident, "dass d'Lëscht vun Apparater, déi ausserhalb vum Spidol, deemno och privat finanzéiert, kënnen autoriséiert ginn, vill méi grouss an un haut muss ugepasst sinn. Dat gëllt och fir d‘IRMen."

Der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no soll een net aus der Hëft schéissen.

"Hu mir e Besoin? Wann ech eleng elo un d'IRMen denken, war d'Situatioun, ewéi déi Prozesser ugaangen sinn, eng aner, ewéi se haut ass. Mir hunn zousätzlech IRMe kritt. Och do muss ee sech d'Fro stellen. Mir schaffen drun."

Iwwer d'Parteifaarwen ewech schwätzen d'Deputéiert sech géint eng Zwou-Klasse-Medezin aus, wou den Accès fir déi mat de Sue méi séier wär. Déi Lénk an d'LSAP betounen am däitlechsten, dass finanziell Interessien am Lëtzebuerger Gesondheetssystem näischt verluer hunn.

"Wann nei Strukturen entstoe sollen, da kann et hei net ëm eenzel Interessen goen, net ëm Mini-Klinicken, déi fir sech schaffen. Hei mussen déi reell Besoine gekuckt ginn. Regional Verdeelung an net Offer do, wou se am rentabelsten ass", mengt de Mars Di Bartolomeo.

An Zukunft wäerte wuel méi Soine baussent de Spideeler ugebueden ginn. Um Gesondheetsdësch, wou vill Acteuren aus dem Secteur vertruede sinn, gëtt driwwer diskutéiert, wéi d'Gesondheetswiese moderniséiert ka ginn, am Sënn vum Patient.