Parlamentaresch FroKeen neien Nordstad-Lycée zu Ierpeldeng bis 2030

Roy Grotz
Och no 15 Joer a Containeren an op 3 Sitte verdeelt ass nach ëmmer keng séier Léisung fir en neit Gebai fir den Nordstad-Lycée (NOSL) en vue.

Dat obwuel virun engem Joer e Gesetzesprojet gestëmmt gouf, wouranner d’Regierung den Optrag krut, den neien NOSL fir de Präis vu ronn 158 Milliounen Euro bauen ze loossen. Mee u sech presséiert de Projet, well de Lycée op sengen 3 Sitte vill ze kleng fir déi 600 Schüler ginn ass.

Mee den Dossier schleeft an et hänkt nach ëmmer un de schwieregen Negociatioune mat de ronn 30 Proprietäre vun 32 Parzellen an der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, déi sech wéinst dem Verkafspräis net eens ginn, sou datt de Projet “en suspens” ass.

D’Ministere Yuriko Backes, Claude Turmes a François Bausch ginn awer d’Hoffnung net op, datt sech ka mat de Proprietären iwwer déi 7 Hektar gëeenegt ginn - eng Enteegnungsprozedur wëll een deemno nach net envisagéieren - och wann dës net kéint ausgeschloss ginn, well de Bau vum neien Nordstad-Lycée eng “utilité publique” duerstellt.

Sou kruten d’Proprietären och elo eng nei Präisoffer gemaach, déi méi héich ass wéi eng éischt vu viru 7 Joer.

Eréischt wann d’Terrainen all kaf sinn, kënnen d’Soumissioune lancéiert ginn - bis de Chantier kann ufänken dauert et da wuel eng 2 Joer; de Chantier u sech dauert da 4 Joer, sou datt virun 2030 kee Schüler am neien NOSL enseignéiert gëtt, deen eng Capacitéit fir 1.200 Jonker kritt.

A sengem Avis iwwert de POS (Plan d’Occupation du Sol) vum Nordstad-Lycée hat sech den Ierpeldenger Gemengerot Enn Januar Suergen ëm e Pëtz gemaach, deen op enger Gemengeparzell läit - d’Ministere confirméieren, datt op deem Terrain net gebaut gëtt, sou datt dës Waasserquell fir d’Baueren an d’Nätze vun de Futtballterrainen erhale bleift.

Dat äntweren d’concernéiert Ministeren op zwou verschidde parlamentaresch Froe vun den Deputéierte Martine Hansen (CSV) a Chantal Gary (Déi Gréng).

RTL-News: Nordstad-Lycée - Neit Gebai fir 1.200 Schüler léist weider op sech waarden

Back to Top
CIM LOGO