Matt de Suen, déi Russland iwwer d’Gas-Exporter an d’Staatskeess kritt, gëtt de Krich finanzéiert. Dowéinst stellt sech d’Fro, ob d’Europäesch Unioun komplett op Russesche Gas verzichte kann. D’EU-Kommissioun huet jiddefalls annoncéiert, bis den nächste Wanter russesch Gasimporter ëm 70 Prozent ze reduzéieren. Ganz drop verzichte kéint een den Ament awer net. Wéi vill russesche Gas hu mer iwwerhaapt zu Lëtzebuerg a wéi wäerte sech d’Präisser entwéckelen?
Bei Enovos jiddefalls géing een d’Situatioun genee am A behalen. De Krich, d’Sanktiounen, d’Gasliwwerungen hunn och en en Impakt op Lëtzebuerg.
Eist Land ass un dat belscht Gasnetz ugeschloss an d’Belsch hirersäits un den Hollännesche Reseau. D’Hollänner hänken zum Deel um däitschen Netz. Iwwert dee Wee kréie mir och russesche Gas an d’Land.
50 Prozent vun eisem Gas kommen aus Holland an aus Norwegen, 25 Prozent ass flëssegen Äerdgas aus aller Welt, deen iwwert d’Häfen importéiert gëtt, a 25 Prozent vum Gas kënnt aus Russland.
Bannent engem Joer hu sech d’Gaspräisser um internationale Marché verzéngfacht an aktuell ginn et enorm Schwankungen.
Ugangs dës Joers kruten d’Gas-Clienteë jo d’Avancë gehéicht. Aktuell wieren déi Rechnungen nach richteg, seet Enovos. Wéi d’Situatioun a 6 Méint ausgesäit, kéint den Ament awer kee soen.