Feu vert fir neit Covid-GesetzCollège médical freet Maskeflicht a Praxisse a schwätzt vu weiderer Impfung

Claude Zeimetz
E Freideg gëtt an der Chamber iwwert dat neit Covid-Gesetz ofgestëmmt.

Mat deem neie Gesetz gëtt jo op deene meeschte Plazen d’Maskeflicht opgehuewen an de CovidCheck-Regime fält ewech. D’Mask bleift just nach am ëffentlechen Transport Flicht an do, wou ee mat Vulnerabelen a Kontakt ass, wéi notamment am Spidol oder am Altersheem.

Covid-Gesetz/Reportage Claude Zeimetz

Leit, déi och nom Enn vun der obligatorescher Maskeflicht, fräiwëlleg eng Mask undoen, kéinten op verschiddene Plazen domadder géint d’Vermummungsverbuet verstoussen a géifen zum Beispill an der Schoul dowéinst eng Strof riskéieren. Nodeems de Staatsrot a sengem Avis zum neie Covid-Gesetz dorobber opmierksam gemaach huet, hunn d’Deputéiert vun der Santéskommissioun dowéinst en Donneschdeg eng Rei Prezisiounen am Text formuléiert.

Allgemeng dréit de Staatsrot déi geplangten Ouverture vum neie Covid-Gesetz mat. Nieft dem Enn vun der allgemenger Maskeflicht, gëtt och de CovidCheck op deene meeschte Plazen opgehuewen. D’Mask bleift wéi gesot obligatoresch am ëffentlechen Transport, de Spideeler an den Altersheemer. Personal, Prestatairen a Leit, déi op Besuch kommen, mussen de CovidCheck virweise, wa se an d’Spidol oder an en Altersheem ginn. Dat selwecht gëllt fir de Prisong an de Centre de rétention. D’Debatten iwwert d’Covid-Gesetz fänken e Freideg de Mëtteg um 13.30 Auer un.

De Collège médical hätt am léifsten d’Maskeflicht géif och weider an den Dokteschpraxissen gëllen, respektiv iwwerall do, wou Consultatioune gemaach ginn an et en Infektiounsrisiko gëtt. D’Doktere ginn donieft ze bedenken, datt e staarken Incentive fir d’Impfen ewechfält, wann de CovidCheck opgehuewe gëtt. Dobäi misst een dovunner ausgoen, datt d’Gesamtpopulatioun wuel nach emol mat enger zousätzlecher Dosis geimpft misst ginn, fir sech enger neier Infektiounswell am Hierscht entgéintzestellen. D’Campagne fir d’Impfung missten dowéinst onbedéngt weidergoen.

De Staatsrot dréit d’Ouverturen a sengem Avis prinzipiell mat. Déi héich Kierperschaft mécht awer drop opmierksam, datt d’Ophiewe vun der Maskeflicht sech um Vermummungsverbuet stousse kéint, wa Leit fräiwëlleg decidéieren, weider eng Mask unzedoen an doduerch jo en Deel vun hirem Gesiicht verdecken. De Legislateur misst den Text deementspriechend preziséieren, fir datt ee keng penal Sanktioune fäerte muss. Donieft réit de Staatsrot den Auteure vum Text och, méi kloer ze formuléieren, wie sech alles op de spezifesche Plazen un d’Maskeflicht hale muss.

D’Chambersantéskommissioun ass fir en Donneschdeg de Mëtteg zesummekomm an dierft do notamment den Avis vum Staatsrot analyséiert hunn. Dat neit Covid-Gesetz soll bis den 30. Juni gëllen. Parallel wëll d’Regierung d’Impfcampagne en Vue vum Hierscht weiderféieren an den Text vun der Impfflicht gëtt fir den Ament och weider preparéiert.

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun gesäit nieft der Fro vun der Vermummung nach aner juristesch Onsécherheeten, déi duerch dat neit Gesetz entstinn. Dat notamment, wann d’Organisateure vun engem Evenement méi streng Mesurë wëllen en place setzen. Hei wier onkloer, wéi eng Organisateuren a wéi eng Evenementer a Fro kéimen a wat d’legal Basis fir esou Mesurë wier. D’CCDH rappelléiert, datt all Mesure, déi d’Mënscherechter aschränkt, vun engem Gesetz muss virgesi sinn.

D’Mënscherechtskommissioun versteet dann och net, firwat d’Mesurë quasi iwwerall opgehuewe ginn, ausser am ëffentlechen Transport a freet, ob de Risiko, datt de Virus sech verbreet, net änlech héich wier zum Beispill an Akafszentren. Si wërft och d’Fro op, ob d’Ophiewe vu quasi sämtleche Mesuren elo net zu engem Pic méi spéit am Joer kéint bäidroen, wat dann nees zu méi schwéiere Mesurë bäidroe géing.

Wéineg Versteesdemech gëtt et dann dofir, datt an de Spideeler an Alters- a Fleegeheemer just nach Persounen, déi sech aus medezinesche Grënn net kënnen impfe loossen, e Schnelltest op der Plaz musse maachen. Dat wier iwwerhaapt net justifiéiert ginn am Text. Et géing een iwwerdeems och net verstoen, firwat d’Personal an deene Strukturen an Zukunft keen Test méi sur place ka maachen.

D’Mënscherechtskommissioun mécht dann drop opmierksam, datt eenzel Haiser zousätzlech restriktiv Mesuren en place hätten a kritiséiert, datt et hei kee kloer Kader gëtt. D’Regierung an d’Parlament missten endlech hir Responsabilitéit iwwerhuelen, fir ze verhënneren, datt et zu enger diskriminatorescher Behandlung vu Persoune géing kommen, well se op enger gewësser Plaz wunnen.

Da freet d’CCDH nach, datt soll erkläert ginn, firwat d’Mesuren am Prisong tel quel bleiwen - et géing ee sech froen, ob dat koherent wier mam Ophiewe vu quasi allen anere Mesuren.

Allgemeng begréisst d’Mënscherechtskommissioun, datt Restriktiounen opgehuewe ginn, soubal se net méi justifiéiert sinn - virun allem, well et bei verschiddene Mesurë Froen iwwert d’Proportionalitéit an d’Necessitéit gouf. D’Regierung an d’Parlament sollte sech elo Zäit huelen, fir déi divers Avise bis elo nach eemol ze liesen, d’Mesuren z’iwwerdenken an den negativen Impakt op d’Mënscherechter ze consideréieren an esou verhënneren, datt an Zukunft nees an der Hetz muss legiferéiert ginn. Et hätt een dës Kéier nämlech alt nees quasi keng Zäit gehat, fir d’Gesetz z’aviséieren, emol keng 3 Deeg.

Et missten elo och Efforten an der Sensibiliséierung an an der Kommunikatioun gemaach ginn a Punkto Impfung, Gestes Barrières a gerecht Verdeelung vun de Vaccine weltwäit.

Back to Top
CIM LOGO