Et kléngt bal wéi e Kanner-Rätsel. Méi kleng gëtt Lëtzebuerg net an awer sinn zanter dem Joer 2000 12 Gemenge vun der Lëtzebuerger Landkaart verschwonnen. De Grond heescht: Gemengefusioun. An déi läit am Trend. Am Joer 2004 goufen et hei am Land nach 114 Gemengen, vum nächste Joer un sinn et der nach 101. Zwou Gemengen déi an Zukunft kéinten zu enger méi grousser Gemeng ginn, si Bous a Waldbriedemes. An zwou Woche gëtt hei ofgestëmmt. Schonn den 3. Abrëll kéint et zum „Jo-Wuert“ via Referendum kommen.
Béid Gemengen si just a Kazesprong vuneneen ewech. Zesummen hätte se knapp 3.000 Awunner a wiere flächeméisseg eng mëttelgrouss Gemeng. D‘Frëndschaft tëscht Waldbriedemes a Bous geet weit zeréck. D‘Iddi ze fusionéieren huet sech awer gezunn.
De Carlo Kütten, Buergermeeschter vu Bous: “Et war net esou einfach, zesummen eppes ewéi eng Fusioun ze plangen. Et gi Leit, déi nach ëmmer mengen: mir sollen eist an déi aner sollen hiert maachen.”
Esou eng Fusioun wier eng grouss Chance, mengt de Buergermeeschter vu Waldbriedemes. Dobäi géing et awer manner drëms, Suen ze spueren. Den Thomas Wolter, Buergermeeschter vu Waldbriedemes: “Mir hunn eng Persoun, déi an der Recette schafft, eng Persoun am Service Technique an ee Sekretär. Wann do duerch iergend eppes een ausfält, da gëtt déi ganz Verwaltung vun der Gemeng ausgebremst.”
Eng Erfarung déi een an der Gemeng mat de meeschten Uebstbeem zu Lëtzebuerg d‘lescht Joer gemaach huet. E „Congé parentale“ vu 4 Méint an en aneren Ausfall vun 2 Méint hu fir Chaos gesuergt. Déi zousätzlech administrativ Aarbecht an de ville Congé maachen och der Gemeng Bous zu schafen.
De Carlo Kütten: “Personaltechnesch, wann ee kuckt, wat fir Annoncë si Samschdes nach an der Zeitung? Een Drëttel dovu si gemengen déi no Personal sichen. Mir sinn do um falsche Wee. All Gemeng, och klenger, muss sech mat 20 Leit oprëschten, fir der administrativer Aarbecht nach no ze kommen. Fusionéieren ass deen Ament méi einfach. Mir spuere keng Leit an, mee kréien dofir eng ganz aner Aarbecht gemaach.”
D‘Gemengen haut sinn a klengen Eefamilljenhaiser. Dat neit Doheem, sollt et e positiivt Resultat beim Referendum ginn, kéim op Waldbriedemes, an e bis dohi renovéiert Paschtoueschhaus. Och fir Kultur a Sport wier d‘Fusioun eng weider Chance.
Dem Thomas Wolter: “Mir hunn en aktiivt Veräinsliewen an de Gemengen. Mee duerch d‘Gebaier stoussen dës och ëmmer nees un hir Grenzen. Déi kleng Kulturzentre solle bestoe bleiwen a renovéiert ginn. Dobäi géif dann awer eppes méi Grousses op Bous kommen.“D’Taina Bofferding ënnerstëtzt d’Gemenge Bus a Waldbriedemes aktiv an hire Fusiounsbestriewungen (17.03.2022) | |
| |
| |
Eppes méi wéi 2 Woche virum Referendum vum 3. Abrëll war en Donneschden den Owend zu Bus eng lescht grouss Informatiounsversammlung zur geplangter Fusioun vu Bus a Waldbriedemes. An de Sport- a Kulturzenter vu Bus waren intresséiert Biergerinnen a Bierger aus den zwou Gemenge komm, fir de Buergermeeschtere Carlo Kütten (Bus) an Thomas Wolter (Waldbriedemes), dem Syvicol-President Emile Eicher an der Inneministesch Taina Bofferding lescht Froen am Kontext vun där Fusioun ze stellen, v.a. an Zesummenhank mat de Finanzen. D’Inneministesch huet ë.a. op d’Virdeeler vu fusionéierte Gemenge verwisen: d’Taina Bofferding gesäit déi absënns am Zesummeleeë vun de Servicer fir d’Biergerinnen a Bierger, déi generell duerch eng Fusioun qualitativ méi héichwäerteg ginn. D’Biergerinnen a Bierger hunn a 17 Deeg dat lescht Wuert, wa se driwwer entscheeden, ob déi zwou Gemengen zesummen an d’Zukunft ginn oder net. |