Politesch Reaktiounen op d'Plainte vun der ChamberD'Pirate sollten net oflenken, intern Sanktioune wiere méiglech

Marc Hoscheid
Bei deenen anere Fraktiounen a politesche Sensibilitéite gesäit ee genuch Indicen, datt d'Pirate sech net un d'Reegele gehalen hunn.

De Chamberbureau mécht Plainte géint Membere vun der Sensibilité politque vun de Piraten, dat huet de Parlamentspresident Claude Wiseler um Donneschdeg op enger Pressekonferenz annoncéiert. Dat nodeems ee Spezialrapport vum Rechnungshaff de Verdacht noleet, datt d’Finanzgestioun vun der politescher Sensibilitéit vun de Piraten iwwert Joren ewech net de Reegelen entsprach huet. D’Decisioun am Chamberbureau war unanime, all déi aner Parteie sinn also der Meenung, datt d’Praktike vun de Piraten op de Leescht musse geholl ginn.

Reaktiounen op d’Plainte vun der Chamber géint d’Piraten / Rep. Marc Hoscheid

Vun deenen zwee Piratendeputéiert Sven Clement a Marc Goergen wëll de Moment keen eppes zur Decisioun vum Chamberbureau an ee Mikro soen. Den Affekot, deen d’Sensibilité politique an deem Dossier vertrëtt, hätt hinne geroden, sech net ze äusseren an d’Justiz hir Aarbecht maachen ze loossen. D’Finanze vun de Pirate ware jo réckwierkend op 2018 méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Een Exercice, dee bei deenen anere Fraktiounen a Sensibilitéiten an där Form net gemaach gouf, wéi d’Pirate gäre betounen. Ma onofhängeg dovu kann ee sech d’Fro stellen, ob d’Chamber sech net méi kloer Reegele misst ginn, fir eventuell Grozonen ze evitéieren.

“Dozou kann ech just soen, datt alleguerten déi aner Fraktiounen a Sensibilitéiten déi Reegelen, déi et goufen, kannt hunn a sech och dorunner gehalen hunn,” esou den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet. “An ech mengen, et kann een elo net vum eegene Feelverhale wëllen oflenken, andeems een ënnerstellt, datt et keng Reegele gi wieren.

De Claude Wiseler hat um Donneschdeg zudeem d’Méiglechkeet vun interne Sanktioune géint d’Piratendeputéiert an d’Spill bruecht. Déi stelle sech awer d’Fro, op wéi enger Basis esou Sanktioune geholl kéinte ginn. D’Chamberreglement géing do nämlech nëmmen eng ganz begrenzten Zuel u Fäll virgesinn. De Marc Baum vun déi Lénk géing déi Mesure awer duerchaus begréissen.

Also ech mengen, datt der Chamber als Institutioun duerch d’Agéiere vun deenen zwee Deputéierte Schued geschitt ass, zumindest Reputatiounsschued, deen immens grouss ass. An dat fält mengen ech duerchaus ënnert déi Méiglechkeeten, déi d’Disziplinarrecht vun der Chamber virgesäit.

Et ass iwwerdeems ze bemierken, datt et de Pirate sauer opstéisst, datt d’Chamber déi Annonce op enger Pressekonferenz gemaach huet. Zemools, well den Dossier duerch de Rechnungshaff souwisou schonn un de Parquet weidergeleet gi war. Do schwéngt de Reproche mat, datt den Dossier politesch instrumentaliséiert soll ginn. Dat wëllt de Fraktiounspresident vun der ADR Fred Keup awer net sou stoe loossen.

Extrait Fred Keup

“Also ech si wierklech net een, dee gären einfach sou op aner Leit klappt an op Skandaler mat opspréngt, mä ech mengen awer, wann ee sech wéi elo wéi deen ee Pirat haaptsächlech wéi dee gréisste Moralapostel hei am Land duergestallt huet an dann dat doten an dann och sou reagéiert, dat wier elo politesch, wat komplette Quatsch ass. Also dat ass jo eng Katastroph.”

Sollt um Enn ee Geriicht zu der Decisioun kommen, datt eng Strofdot virläit an een oder méi Deputéiert verurteelt, stellt sech d’Fro, ob déi Concernéiert trotzdeem an der Chamber bleiwe kënnen. De Fred Keup bleift do éischter virsiichteg.

Et muss ee jo oppassen, datt een net an ee Präzedenzfall kënnt, wou Deputéiert aus der Chamber kënnen erausgedréckt ginn, obwuel se gewielt sinn. Dat ass och eng Saach, elo net onbedéngt fir dëse Fall, mee allgemeng ass dat eng Saach, déi ee muss am Kapp behalen.

Theoretesch kéint nieft dem Sven Clement an dem Marc Goergen och de Ben Polidori vun der Plainte viséiert sinn. Ëmmerhi war hie viru sengem Wiessel bei d’LSAP och eng Partie Méint Member vun der Sensibilité politique vun de Piraten. Op Nofro hi wollt de Ben Polidori sech awer net weider zum Dossier äusseren.

Et sief drun erënnert, datt fir jidderee sou laang d’Onscholdsvermuddung gëllt, bis e vun engem Geriicht a leschter Instanz verurteelt gouf.

Back to Top
CIM LOGO