Gemengenhaus zu Déifferdeng gëtt ofgerapptE kompletten Neibau géing nei Opportunitéite bréngen

Diana Hoffmann
Wärend den Aarbechten um Déifferdenger Gemengenhaus aus de 60er Jore gouf Fusch um Bau festgestallt. D’Gebai ass net méi ze renovéieren.

Bis 2028/29 sollt zu Déifferdeng e komplett renovéiert Gemengenhaus inklusiv Neibau niewendrun op der Nelson Mandela Plaz stoen. Betounung op “sollt”. Zanter e puer Deeg ass nämlech kloer: Doraus gëtt elo näischt méi. D’Gebai aus de 60er Jore muss ofgerappt ginn. “Wann ee 45 Joer an der Gemeng wunnt, an da kënnt een heihin a gesäit, dass d’Gebai muss ofgerappt ginn, dann ass dat schonn emotional”, mengt de Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP) dozou.

Gemengenhaus Déifferdeng / Rep. D. Hoffmann

Bei Aarbechten ass nämlech festgestallt ginn, dass d’Gebai net déi Bausubstanz hat, déi een sech erwaart huet. Op de Pläng war eng Volldall vu 27 Zentimeter agezeechent, ma wou Analyse gemaach goufen, gouf festgestallt, dass et sech géing ëm eng sougenannte “Rippendecke” handelen, wou d’Dall just sechs Zentimeter deck wier. D’Plaz dotëscht war mat héich brennbarem Isolatiounsmaterial gefëllt. “Dat heescht, mir hu just sechs Zentimeter Volldecken an dann d’Rippen vun zwanzeg Zentimeter Héicht ënnendrënner. An domat kënnt een haut, wéinst deenen neien Norme wat d’Statik ugeet, net méi duerch”, erkläert d’Elke Peterhänsel, zanter 23 Joer Ingenieurin an der Déifferdenger Gemeng.

Deen zweete Problem wier dann, dass och schlecht betonéiert gi wier. De Bëtong wier a ganz schlechtem Zoustand a géing praktesch näischt méi halen. Dat wier kloer e Baufeeler, sou d’Expert. Doriwwer eraus géing d’Droeise fräi leien a wier scho gerascht, sou dass keng Protektioun am Brandfall méi do wier.

Ze rette wier hei näischt méi gewiescht. “Wärend dräi Méint hu mer gekuckt, fir Léisungen ze fannen”, erkläert den éischte Schäffen Tom Ulveling (CSV). Haaptsächlech d’Gewiicht wier bei alle Léisungen, déi een hätt kënne fannen, zum Problem ginn. Dräi Variante goufe gepréift, fir d’Gebai z’erhalen: Fir Stol-Träger anzezéien, fir Brandschutz-Placken drënner ze hänken oder fir d’Dallen erauszerappen an en Holzgerüst an de Réibau ze sëtzen. “All déi Varianten hunn een Haaptproblem, dass méi Gewiicht kënnt an d’Fondatiounen dat dann net packen”, seet d’Ingenieurin. Doriwwer eraus wier awer och scho vu vir era kloer gewiescht, dass dat renovéiert Gebai nach just eng Liewensdauer vun 30 Joer gehat hätt.

Schonn an zwee Méint kéint ugefaange ginn, d’Gebai ofzerappen, wann d’Pabeieren all do sinn, huet de Buergermeeschter betount. Wéi den neie Projet am Detail soll ausgesinn, ass nach net kloer. Eens ass een sech awer, dass et misst e representatiivt Gebai ginn, wat an de Quartier passt. De Bau vum Neibau niewendrun an L-Form wäert da wéi geplangt weidergefouert ginn.

D'Gemengehaus zu Déifferdeng muss ofgerappt ginn
Wéinst enger ganzer Rei Schied lount sech d’Renovéierung vum Gebai net méi.

De kompletten Neibau soll och Avantagen hunn

En Neibau gëtt zwar e Stéck méi deier, mee wäert och Avantage mat sech bréngen. “Dass mer warscheinlech méi Fläch kréien, dass mer kënne ënnerierdesch Garage maachen an, dass mer kënnen esou Baue fir Energie ze spueren an eng Photovoltaikanlag op den Dag kënne sëtzen”, zielt den Tom Ulveling op. Awer och méi Bürosfläch géing et doduerch ginn. “Mer kréie méi Metercarré Bürosraim, wat der Stad Déifferdeng hire Besoine fir déi nächst 10, 20 Joer entsprécht”, füügt de Buergermeeschter bäi.

Zu Déifferdeng ass am Schäffen- a Gemengerot kee wierklech frou doriwwer, dass dat alt Gebai elo wäert mussen ofgerappt ginn. Ma d’Reprochë vun der Oppositioun géint déi aktuell Majoritéit halen sech a grenzen. Schonn zanter Joerzéngte wier kloer gewiescht, dass déi Gemeng ze kleng wier, seet de Gary Diderich vun déi Lénk. E politesche Feeler wier, dass net schonn éischter eng Renovatioun oder en Neibau ugaange gi wier. Och de François Meisch vun der DP monéiert, dass de Projet jorelaang schleefe gelooss gi wier, wëll e politesch net interessant gewiescht wier. Duerch d’Präisdeierecht wier en ëmmer méi deier ginn. Wann dat Ganzt anescht ofgelaf wier, hätt ee sech och kéinte Gedanken iwwert en Neibau op enger anerer Plaz maachen, sou de Politiker nach. D’Oppositioun fillt sech awer gutt vun der Majoritéit an de Prozess vum Plangen agebonnen, wéi et elo soll weidergoen. “Ech streeë seele Blummen, mee ech fannen, dass mat Zäite kommunizéiert ginn ass”, mengt d’Laura Pregno vun Déi Gréng. Si stellt awer och a Fro, ob d’Mängel net hätte kënnen éischter opfalen.

Bis zum leschten Dag wier de Betrib an der Gemeng oprecht erhale gewiescht, erkläert den Tom Ulveling. Et wieren zwar scho Prouf-Buerunge gemaach ginn, mee de Problem hätt een eréischt festgestallt, wou um Plaffong gebuert gouf. Den Ament wou déi éischt Analyse gemaach goufen, hätt een eng Plaz geroden, wou de Bëtong an der Rei gewiescht wier, huet d’Elke Peterhänsel preziséiert. Eréischt wou ee méi Plazen um Plaffong opgemaach hätt, hätt een d’Envergure gesinn.

Bis zum Summer wëllen déi politesch Responsabel de Projet an de consultative Kommissioune presentéieren. Enn 2029 soll dann dat neit Gebai stoen a kënnen, ënner anerem, mat Gemengebeamte gefëllt ginn. Wat d’Käschte vum Neibau uginn, dozou kéint een awer zu dësem Ament nach näischt soen.

Back to Top
CIM LOGO