Puppelche mat Fauscht op de Kapp geschloenPresuméierten Täter weider an Untersuchungshaft, iwwer Zoustand vum Kand ass näischt gewosst

RTL Lëtzebuerg
De 5. Februar koum et an der Stad jo zu enger Gewaltdot géint e Puppelchen.
© Laurent Weber

Géint 22.30 Auer hat deemools an der Stater Avenue Emile Reuter e 35 Joer ale Mann engem 8-9 Méint ale Puppelchen op de Kapp geschloen. Hie gouf no der Dot festgeholl a koum an Untersuchungshaft, wou hie sech och elo nach befënnt, wéi eis de Parquet op Nofro matdeelt. Iwwert den aktuellen Zoustand vum Kand konnt een eis näischt matdeelen, de Bëbee wier den Dag nom Virfall am Laf vum Nomëtteg aus der Klinik entlooss ginn.

D’Famill vum Kand war wéi gesot am spéiden Owend an der Stad ënnerwee wéi d’Dot geschitt ass. De Puppelche war an den Äerm vun der Mamm wéi en ugegraff gouf. No der Attack huet de Papp vun der Famill d’Poursuite nom Täter opgeholl, misst awer ofbriechen nodeems dëse signaliséiert hat, datt en e Messer bei sech hätt.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO