An engem Communiqué huet d'Partei FOKUS elo hir Reaktioun op d'Decisioune vun der Tripartite publizéiert an e Modell vun engem sozialen Index proposéiert.

Fir Fokus riskéiert déi Indexmodulatioun op Käschte vun der Mëttelschicht ze goen. Do géif et ëm Leit goen, déi ze vill verdéngen, fir eng Rei u Kompensatiounen ze kréien, an ze wéineg Akommes hunn, fir d'Inflatioun kënne selwer ze kompenséieren.

Reaktioun Fokus Tripartite an Index / Rep. Jean-Marc Sturm

Vill Leit am Land aus der sougenannter Mëttelschicht hätte Prête lafen a Probleemer Mount fir Mount iwwert d'Ronnen ze kommen. Déi Leit géifen hei vergiess ginn. Dacks kréie si de Plus u Pai duerch den Index duerch d'Klammen an der Steiertabell nees ewechgeholl.

Et misst jidderengem säi Kafkraaftverloscht d'selwecht kompenséiert ginn. E Stot, dee just vum onqualifizéiertem Mindestloun lieft, soll bei enger Indextranche 3% amplaz 2,5%, bäikréien.

Lëtzebuerg, esou Fokus, bräicht ee sozial gestaffelten Index. Et kéint net sinn, dass verschidde Leit 10 mol méi beim Index erauskréien wéi anerer. D'Regierung dierft d'Leit an der Mëtt net vergiessen.

D'Schreiwes

Pressecommuniqué
Wéi ass et mat der Mëttelschicht?

Fokus huet déi éischt Resultater vun der Tripartite mat groussem Interessi zu Kenntnis geholl. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, dass de Sozialdialog stattfënnt a funktionéiert.

Mir sinn der Meenung, dass eventuell Indexmodulatiounen net op Käschte vun der Mëttelschicht dierfe stattfannen. Et gëtt prinzipiell héich Zäit, fir d´Mëttelschicht ze entlaaschten. Mir deelen d´Gefill vu ganz ville Leit, dass et nämlech dës Mëttelschicht ass, déi riskéiert d‘Aussetze vun enger (oder méi) Indextranchë ze bezuelen. Et sinn Leit, déi ze vill verdénge fir eng Rei vun den ugeduechte Kompensatiounen ze kréien, an awer ze wéineg, fir d´Inflatioun ouni grouss Problemer kënne selwer ze kompenséieren. Et sinn Leit, déi grouss Prêten hunn an Mount fir Mount musse kucke wéi si iwwert d´Ronne kommen. Et sinn Leit, déi duerch d´Ewechfale vun engem Partner an eng Steierklass gefall sinn, déi hiert Akommes vill méi staark belaascht.

All dës Leit dierfen net vergiess ginn. Et sinn si, déi reegelméisseg vun der kaler Progressioun vun der Akommessteier betraff sinn: dat, wat si duerch den Index méi u Pai kéinte kréien, gëtt duerch d’Klammen an der Steiertabell nees ewechgeholl. Dofir fuedere mir, dass reegelméisseg Upassunge vun de Steiertabell musse gemaach ginn, fir der kaler Progressioun entgéintzewierken. Doriwwer eraus proposéiere mir een sozial gestaffelten Index. Grad an dësen Zäiten kann et net sinn dass verschidde Leit 10 mol méi beim Index erauskréien wéi anerer, obwuel hier Liewenskäschten net deementspriechend méi vun der Präisdeierecht belaascht sinn. Et ass haut net méi ze argumentéieren firwat deen een 1000 Euro iwwert den Index „bäikritt“ an deen aneren (déi grouss Majoritéit) 7-8 mol manner.

De Ball leit bei der Regierung, Politik fir jiddereen am Land ze maachen a keen an der Mëtt ze vergiessen.