Vun e Méindeg unEttelbrécker Maternité muss virleefeg zougemaach ginn

RTL Lëtzebuerg
Hannergrond ass de Manktem u Kannerdokteren, déi d'Noutdéngschter kënnen assuréieren.

D’Maternité vum Centre hospitalier du Nord muss virleefeg vun e Méindeg un zoumaachen. Hannergrond ass de Manktem u Kannerdokteren, déi Noutdéngschter kënnen assuréieren. Dat ass ee Problem, dee scho laang schleeft a sech elo an der lescht zougespëtzt huet.

Dem Gesetz no misst ee Pediater fir Noutfäll bannen enger kuerzer Zäit an der Klinik kënne sinn.

Dat kann zu Ettelbréck awer net assuréiert ginn an dowéinst wëllen och d’Gynekologen an d’Anästhesisten net méi esou schaffen, dass se dem Gesetz no net konform sinn. Zu Ettelbréck komme pro Joer eng 800 Puppelcher op d’Welt.

RTL-Informatiounen no ginn déi Patientinnen, déi lo an nächster Zukunft accouchéiere sollen, an d’Stad geschéckt. Et sinn eng 60 bis 70 Gebuerten de Mount, déi elo emol provisoresch tëscht CHL an dem Kierchbierg sollen opgedeelt ginn, laangfristeg ass dat natierlech keng Léisung fir d’Patientinnen aus dem Norden.

PDF: Dréngend parlamentaresch Fro vum André Bauler a Gilles Baum (01.04.2022)

Back to Top
CIM LOGO