Ettelbrécker MaternitéD'Organisatioun vum Noutdéngscht muss iwwerschafft ginn

Mariette Zenners
Diana Hoffmann
Et ass schonn eng aussergewéinlech Decisioun: Déi Ettelbrécker Maternité ass vun e Méindeg u virleefeg zou.
Noutdéngscht vu Pediatere scho méi laang e Probleem
Soulaang hir Situatioun net konform zum Gesetz ass, wëlle vill Dokteren, Anästhesisten a Gynekologen keng Gebuerte méi maachen.

E Problem, dee scho jorelaang schleeft, huet sech esou zougespëtzt, datt d’Dokteren, d’Anästhesisten an d’Gynekologen, net méi bereet ware Gebuerten ze maachen, soulaang hir Situatioun net konform zum Gesetz ass. Hannergrond ass de Manktem an d’Spezialisatioun vu Kannerdokteren.

04/04/2022 BAND Chdn Maternité 12h30 (Radio)

Dem Gesetz vun 2018 no muss eng Maternité, wéi déi Ettelbrécker mat engen 800 Accouchementer pro Joer, 24 Stonnen op 24 Gynekologen, Anästhesisten a Pediatere fir Noutfäll bannent kierzter Zäit disponibel hunn.

Den Noutdéngscht vun de Pediatere sou wéi am Gesetz virgesinn, war scho méi laang ee Problem:

“D’Pediateren, déi an de Praxisse schaffen, sinn net déi Zort Dokteren, déi gewinnt a forméiert sinn, fir Neigebuerener ze reaniméieren. Dat heescht, dat ass an alle Maternitéen eng Problematik, wann ee keng Neonatologen huet. Mir hu Pediateren, mee keng Neonatologen”, sou den Dr. Paul Wirtgen Generaldirekter vum ChdN.

“Doraus ass entstanen, datt déi Leit ëmmer méi refuséiert hunn ze kommen, och wa si Déngscht haten, well se gesot hunn, mer kënne souwisou näischt maachen. An anere Wierder ware mer ëmmer ugewisen op d’Hëllef vun den Anästhesisten. Si konnten eis bis elo gutt an deene Situatiounen depanéieren an déi Kanner och adequat versuergen. Awer de Problem ass, datt wa mir bis wëssen, datt d’Pediatrie ufänkt inexistent an enger Maternité ze ginn, däerf d’Maternité net méi dréinen. Dat steet am Gesetz”, sot den Dr. Pit Duschinger President vun der Societéit vun de Gynekologen.

D’Anästhesisten an d’Gynekologe wollten déi Situatioun lo net méi sou matdroen, derbäi koum, dass nach Kannerdokteren ewechgefall sinn.

Dr Paul Wirtgen: “Et huet sech zougespëtzt, well duerch Krankheet a Schwangerschaft oder Retraite vill manner Pediatere sinn, sou datt si et net méi ofdecke kënnen. An dee Moment déi aner Spezialisten notamment eis Anästhesiste matgehollef hunn, mee dee System kënne mer net éiweg oprecht erhalen. Well d’Gesetz seet et muss een e Pediater en Urgence hunn.”

Et gëtt keng Wonnerléisung seet d’Gesondheetsministesch. Kuerzfristeg géif ee probéieren, eng pragmatesch Léisung ze fannen, wou op den Ausbau vum Samu neonatal gesat gëtt. “Dat ass eng mobil Ambulanz, déi et erlaabt bei Grossesse à riqsue ze transferéieren. Dat ass eng Pist, op där mer sinn, fir déi weider auszebauen. Deen ass am Asaz. Fir d’Beispill Norden ass deen 2 Mol am Mount am Asaz gewiescht”, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Dr. Pit Duschinger:“Wéi d’Madamm Lenert dat wëll maachen, fir déi séier heihin ze bréngen, kann ech iech beim beschte Wëllen net soen. Mee et wäert mussen op deem Niveau lafen, fir herno eventuell nei ze organiséiere mat villäicht Perinatologen, déi disponibel sinn an der Peripherie. Mee dat si Saachen, déi kréie mer an 3 Wochen net geléist. Mee mir mussen awer an 3 Wochen d’Maternité nees opkréien. Et muss eng Léisung fonnt ginn, déi d’Gynekologen an d’Anästhesiste legal schaffe léist.”

De Problem stellt sech net just zu Ettelbréck, mee och zu Esch. Landeswäit missten d’Garden iwwerhaapt besser organiséiert ginn. D’Gesondheetsministesch: “Mat de Garden, do brauch et eng Léisung, wou een zesumme mat de Spideeler a mat der Dokterschaft zesumme kuckt, wéi ee ka landeswäit déi Gardë besser assuréieren. Dat ass och eng Fro vu Remuneratioun.”

D’Fraen, déi lo deemnächst sollten zu Ettelbréck accouchéieren, gi vum CHL oder dem Bohler iwwerholl. Wat geschitt mam Personal? “Et sinn ëmmer nach Aarbechten, déi ufalen a mir maachen dat Allerbescht fir och si ze rassuréieren, datt hir Kompetenz an sou noer Zukunft wéi méiglech gebraucht gëtt”, sou de Generaldirekter vum ChdN.

Et geet een dovunner aus, dass d’Maternité op d’mannst e puer Wochen zoubleift.

Back to Top
CIM LOGO