En Diplomat vun der russescher Ambassade gouf zur Persona non grata erkläert, well seng Aktivitéiten de Sécherheetsinterête vu Lëtzebuerg widderspriechen.

Wéinst dem Massaker an der ukrainescher Uertschaft Butscha an de méigleche Krichsverbrieche vun der russescher Arméi, déi do gemaach goufen, sinn an de leschten Deeg méi wéi 200 russesch Diplomaten aus Europa ausgewise ginn, dorënner och een Diplomat hei zu Lëtzebuerg. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch de Mëtteg an engem Communiqué confirméiert. Een Diplomat vun der russescher Ambassade gouf zu enger "Persona non grata" deklaréiert a muss d'Land bannent de nächste 15 Deeg verloossen.

Dem Ausseminister sengem leschte Wëssensstand no sinn am Ganze siwe russesch Diplomaten zu Lëtzebuerg aktiv. Op der Lëtzebuergescher Ambassade zu Moskau sinn allerdéngs just dräi Diplomate beschäftegt.

Op déi Partikularitéit hätt ee wëllen Uecht ginn, esou de Jean Asselborn RTL géintiwwer. Et kéint nämlech sinn, dass Russland elo och ee Lëtzebuerger Diplomat ausweist. Zil wär et allerdéngs, dass d‘Ambassade zu Moskau weiderhi funktionéiert. Dem Jean Asselborn no geet et drëms, am Reseau vun den EU-Ambassaden a Russland ze bleiwen. D'diplomatesch Relatiounen dierften net ofbriechen.

A wéi reagéiert de Honorarkonsul vun der Ukrain hei zu Lëtzebuerg op déi Annonce?

Reaktioun op Expulsioun vun Diplomat / Rep. Pierre Jans

Den Honorarkonsul vun der Ukrain Claude Radoux seet, hie wär paff, dass et iwwerhaapt esou laang gedauert huet, bis e russeschen Diplomat ausgewise gouf.

„Als Honorarkonsul vun der Ukrain sinn ech paff, dass d‘Regierung am Verglach mat aneren EU-Länner an trotz de ganz staarke wirtschaftleche Sanktiounen iwwerhaapt esou laang gewaart huet, fir dorop ze reagéieren. “

Grad ewéi, dass just eng Persoun expulséiert gëtt.

„Am Geck géif ech am Léifste soen, dass wann een et mat hallwer Stécker kéint maachen, hätt ee vläicht just en hallwen ausgewisen. Nee seriö. Op der offizieller Lëscht sinn ëmmerhin 10 Diplomate vu Russland akkreditéiert.“

Den Ausseminister Jean Asselborn hat vu 7 russeschen Diplomate geschwat, jee: Dem Honorarkonsul ass déi Mesure ze schwaach. Allerdéngs si just 3 Lëtzebuerger Diplomaten an der Ambassade zu Moskau. D‘Russe kéinten a Revanche och een zeréckschécken an da gëtt et knapps.

De Jean Asselborn;:

„Zil ass et allerdéngs, dass d‘Ambassade zu Moskau weiderhi funktionéiert. Et drëms, am Reseau vun den EU-Ambassaden a Russland ze bleiwen. Déi diplomatesch Relatiounen dierften net ofbriechen.“

Dat also d‘Begrënnung, firwat just ee russeschen Diplomat ausgewise gëtt. E Schratt, deen d‘Associatioun „Lukraine sécherlech“ begréisst. Mee de President Nicolas Zharov gesäit dat méi pragmatesch.

„Mir froen méi Sanktiounen, méi militäresche Support, méi Interventiounen. Alles, wat de Krich net stoppt, geet net duer warscheinlech.“

Op d'mannst all déi méiglech wirtschaftlech a finanziell Sanktiounen géint Russland misst d‘Regierung hei huelen, betount den Nicolas Zharov. Bei aller Dankbarkeet fir d‘Méi déi d‘Lëtzebuerger Autoritéiten an ONGe weisen: Vill ukrainesch Refugiéeë géifen ze laang an den Primo-Accueil-Strukturen festsetzen.

Den Nicolas Zharov:

„Well mir sou en enorme Support vun de Famillje kréien, déi Leit géifen ophuelen, wëlle mir déi Prozesser acceleréieren. Eis Associatioun wär gär nach méi agebonnen a mir kéinten eis Leit asetzen, fir zum Beispill Iwwersetzungen ze maachen an ze vermëttelen. An och fir Problemer tëscht den Familljen an de Flüchtlingen léisen, wann der do wären.“

Och de Gemengesyndikat Syvicol hat schonn ze bedenke ginn, dass wéineg Flüchtlingen aus den provisoresche Strukturen an den eenzele Gemengen ukéimen. Eng Taskforce misst hier.

Moskau huet d'Decisioune vun der EU verurteelt a Géigesanktiounen annoncéiert. Russland schwätzt och weiderhi vu "Fake News" an enger "Inzenéierung", obwuel Satellittebiller confirméieren, dass d'Läichen deels schonn zanter Wochen an de Stroossen zu Butscha louchen.

Ee journalistesche Benevole-Projet mam Numm „InformNapalm" wëll elo de russesche Kommandeur identifizéiert hunn, dee fir d'Massaker zu Butscha responsabel wier. Et soll sech ëm de russesche Colonel Azatbek Omurbekov handelen, deem seng Brigad effektiv zu Butscha aktiv war.

Jean Asselborn annonce l'expulsion d'un diplomate de l'ambassade de Russie au Luxembourg (06.04.2022)

Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes

Le ministre des Affaires étrangères et européennes, Jean Asselborn, annonce que le Luxembourg a décidé aujourd'hui de déclarer persona non grata un diplomate de l'ambassade de Russie au Luxembourg, dont les activités sont contraires aux intérêts de sécurité du Luxembourg.

Cette personne devra quitter le Luxembourg dans un délai de 15 jours. L'action s'inscrit dans une démarche européenne et a été prise sous l'article 9 de la convention de Vienne sur les relations diplomatiques.