WolzZwee Jugendlecher op oppener Strooss iwwerfall an ugegraff

RTL Lëtzebuerg
Ee vun de presuméierten Täter war wuel aus der CSEE zu Dräibuer fortgelaf. Wéi hie gefaasst gouf, huet hie sech der Police widdersat.

En Donneschdeg den Owend goufen zu Wolz zwee Jugendlecher op oppener Strooss vun zwee Onbekannten ugegraff a beklaut. Déi zwee jonk Täter sinn no der Dot geflücht. Kuerz Zäit drop ass der Police dunn een Ugrëff op eng Persoun an hirem Doheem gemellt ginn, wou d’Täter och als zwee jonk Männer beschriwwe gi sinn. D’Affer gouf bei der Dot blesséiert.

Déi presuméiert Täter hu sech nom Ugrëff getrennt vuneneen duerch d’Bascht gemaach, konnte vun der Police awer schonn no kuerzer Zäit ermëttelt ginn. Wéi d’Police e Freideg de Moie mellt, war wuel just ee vun deenen zwee jonke Männer aktiv um Ugrëff bedeelegt. Wou hien op de Policebüro bruecht gouf, hätt hie sech gewiert.

No éischten Ermëttlungen hätt sech erausgestallt, datt de presuméierten Aggresseur aus der CSEE vun Dräibuer fortgelaf war. De Parquet gouf informéiert an huet ugeuerdent, d’Virfäll zu Protokoll ze huelen an de jonke Mann zeréck op Dräibuer ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO