
Weltwäit feiere méi wéi eng Milliard Mënschen dës Fest. Och zu Lëtzebuerg, wou ronn 4.500 Chinesen a Chinesinnen liewen. Wéi eng Bedeitung dëst Fest fir si huet, wäit ewech vun der Heemecht, hu mir an engem asiatesche Supermarché, an der chineesescher Kierch, an an engem Restaurant nogefrot.
Beim Tingting You am Supermarché um Belval stécht virun allem eng Faarf an d’A: rout. Verpackungen, Dekoratiounen a Kaddoen – alles an där Faarf, déi der Traditioun no Gléck bréngt. Besonnesch beléift als Kaddo sinn déi rout Enveloppen, erkläert d’Tingting You, Gérante vum A-Market: “Do mécht ee Suen dran, a schenkt se de Kanner. Oder och eelere Leit. Vergiesst déi eeler Leit net!“
Nieft Dekoratioun a Kaddoe spillt d’Iessen eng zentral Roll. Well vill Fabricken a China iwwert d’Feierdeeg wochelaang zoumaachen, muss fréi bestallt ginn. “Mir bestellen eis Produiten ëmmer méi fréi. Zwou Wochen oder ee Mount am Viraus. Soss kann et sinn, dass et verschidde Saachen net méi gëtt”, seet d’Tingting You. Selwer feiert si hei am Land – dacks mat enger chineesescher Fondue: “Well hei hu mir net déi nämmlecht Produite wéi a China. Dofir ass Fondue dacks deen éischte Choix.“
An der chineesescher chrëschtlecher Kierch zu Bouneweg gëtt dat neit Joer och zesumme gefeiert. Fir de Moise Lau ass et e Fest wéi Chrëschtdag hei am Land: eng Zäit fir d’Famill. Hien erënnert sech un Traditioune vu fréier: “Meng Mamm huet den 31. alles grëndlech gebotzt. Dat bedeit, dass all déi schlecht Saachen eraus gekiert ginn. Den éischten Dag vum neie Joer dierf een net botzen. Soss muss een de Recht vum Joer haart schaffen, gëtt gesot.” Haut géifen esou Bräich awer ëmmer méi verluer goen.
Am Restaurant zu Mutfert setzt den Dali Zhu op Kulinarik als Bréck tëscht de Kulturen. Hien erkläert eis e puer vun den traditionelle Platen, déi fir d’Neijooschfest opgedëscht ginn. Ënnert anerem d’Jiaozi, déi u chineesesch Goldbarren erënneren, an doduerch Wuelstand symboliséieren. Da gëtt et nach ee bestëmmte Räis-Kuch, dee gär zoubereet gëtt. En heescht nämlech “nian”, wat wéi de chineeseschen Ausdrock fir “Joer” kléngt – e Versprieche fir e gutt neit Joer. Als Kand huet den Dali d’Fest hei zu Lëtzebuerg mat der Famill gefeiert: “Et war ëmmer witzeg, well mir hunn ni esou genau dat gemaach, wat a China gemaach gëtt. Mir hunn eng Fondue giess. Dat gehéiert eigentlech guer net zu deem traditionelle Chineeseschen. Par conter war Fondue awer esou een Iessen, wou de Partage wichteg war“.
Ob traditionell oder modern interpretéiert – am Mëttelpunkt steet ëmmer dat selwecht: zesummen iessen, zesumme laachen an Zäit mateneen verbréngen.