
Déi Lëtzebuerger Autoritéite verstäerken hir Kontrolle vu Puddermëllech fir Puppelcher. An der Suitte vun de Kontaminatiounen vu Puddermëllech mam Toxid Cereulid, huet d’ALVA eng Campagne vu cibléierte Kontrolle lancéiert. Bis ewell sinn 30 Echantillone geholl an analyséiert ginn. Dovu wier een Test positiv gewiescht. Den entspriechende Produit wier dann och schonn zeréckgeruff ginn an d’Kontrolle géife weidergoen.
Bis ewell wier och nach kee Fall confirméiert ginn, bei deem e Puppelchen duerch kontaminéiert Mëllech krank gi wier, esou d’ALVA.
Déi zoustänneg Ministèrë warnen iwwerdeems viru Recommandatiounen, déi op de soziale Reseauen zirkuléieren. Et soll een zum Beispill op kee Fall Puddermëllech duerch Kou- oder Geessemëllech, respektiv planzlech Mëllech, ersetzen.