Dat seet d'Entwécklung vun de Verbraucherpräisser zu Lëtzebuerg aus, wou d'Liewensmëttel ëmmerhin 11,4% vum Wuerekuerf ausmaachen.

All Liewensmëttel sinn allgemeng méi deier ginn: zanter Oktober zejoert a Mäerz ëm 4,1%. Rënds- a Kalleffleesch am Spezielle sinn ëm 4,4% geklommen, d'Präisser fir Schwéngefleesch sinn déi lescht 5 Méint ëm knapp 3% eropgaangen.

Et ass dervun auszegoen, datt d'Fleeschpräisser fir de Client um Enn natierlech nach méi an d'Luucht ginn, wann een d'Margen an déi héich Energie-Fudder- a Verpackungspräisser mat arechent.

Dëst soen d'Ministere Fayot an Haagen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas.