
Den Affekot vun der Partie civile Ikodomos Holding, de Rosario Grasso, bleift dobäi, datt de Kaf vun den Aueren als Investissement a Spekulatiounsobjet, als Mëssbrauch vun de Firmegelder unzegesi wier. De Flavio Becca kéint net behaapten, datt alles an Transparenz ofgelaf wier. Elleng scho wéinst dem Fait, wéi d’Auere facturéiert goufen.
D’Avocate générale ass dann och där Meenung. Si huet betount, datt een net mat den Aueren ëmgaange wier, wéi wann et sech géing ëm eng Kollektioun, respektiv eng Investitioun, handelen. Et hätt keen Inventaire ginn an och keen Investitiounsplang. Just een, an der Persoun vum Flavio Becca, deen decidéiert hätt, wéi eng Auer kaaft gëtt. D’Auere wieren dann deels net méi an hirer Këscht gewiescht an och ouni Garantie. Verschidden Auere wiere bei Familljemembere stockéiert gewiescht.
Si kënnt zum Schluss, datt de Kaf vun den Auere contraire zum Interêt vun der Societéit “Promobe Finance” gemaach gi wier a fuerdert d’Saisie vun den 842 Aueren, an doriwwer eng Confirmatioun vum Urteel aus 1. Instanz. Also 2 Joer Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof vun 250.000 Euro. An éischter Instanz war d’Saisie vun enger 600 Aueren ordonéiert ginn. Fir all Auer, déi net konnt saiséiert ginn, ass eng Kautioun vun 20.000 Euro fälleg ginn.
D’nächst Woch geet de Prozess da weider. Dann ass dann d’Verdeedegung vum Ugeklote mat hirer Plaidoirie drun.