
Déi extraordinär Reunioun hat si Enn Januar aberuff. An der Invitatioun un d’Membere vum Conseil hat si geschriwwen, d’lescht Joer wier net gutt op en Enn gaangen, well et vill Presse-Couverture vun den Aarbechtsbedéngungen an der Fakultéit ginn hätt. Ma egal wat den Ursprong vun de Virwërf wier, déi an der Press geäussert goufen, wier et wichteg dës seriö ze huelen. D’Doyenne sot an hirer Kommunikatioun un d’Membere vum Conseil, et wier essentiel, datt d’Fakultéit hire Fonctionnement géif a Fro stellen. Et misst eng kollektiv, transparent a strukturéiert Reflexioun ginn, fir zu engem gemeinsame Constat ze kommen a méiglecherweis Ajustementer ze maachen. “The Faculty Council, as the representative body of our community is best placed to serve as the forum for this reflection, to contribute to establishing a diagnosis, and, where needed, to formulate recommendations on measures to be considered”, huet d’Katalin Ligeti de 26. Januar geschriwwen.
Deen Dag hat de Recteur Jens Kreisel sengen eegenen Aussoen no d’Rekrutementsprozedur fir en Associate Professor am Droit international a Weltraumrecht gestoppt, fir deen d’Katalin Ligeti responsabel war.
Ma um Virowend vun der Reunioun vun e Mëttwoch, huet d’Doyenne ofgesot. Si ass ewell net méi der Meenung, datt de Fakultéitsconseil déi beschte Plaz fir d’Reflexioun wier. Elo schreift si an enger Mail, et wier wichteg e Format ze schafen, dat e calmen a qualitativ-héichwäertegen Echange tëscht de Kolleege géing erlaben. Dofir hätt een d’Reunioun ofgesot. “We want to provide everyone with the sufficient space to speak up, share perspectives, and contribute to constructive solutions. For this reason, we propose to follow up with smaller meetings in the coming days and weeks…” .
De Fakultéitsconseil ass en offizielle Gremium vun der Uni an decidéiert zum Beispill iwwert de Budget. Do dra sinn den Doyen an d’Vizedoyen, d’Departmentscheffen, mee och Vertrieder vun de Proffen, der Administratioun, de Chercheuren an Studenten, déi am Prinzip gewielt ginn.
D’Doyenne verlagert den Debat iwwert d’Problemer an der Fakultéit deemno aus engem offizielle Gremium eraus an inoffiziell Gespréicher.
RTL hat déi Probleemer déi lescht Deeg thematiséiert. Notamment, datt d’Annulatioun vum besote Rekrutement net op Interessekonflikter zeréck ze féiere war, wéi de Jens Kreisel der Héichschoulkommissioun vun der Chamber gesot hat. Mee dorop, datt d’Doyenne, déi en Charge vum Rekrutement war, sech net un der Uni hir Prozedure gehalen hat. An zwar weder am Ëmgank mat den Interessekonflikter am Rekrutementscomité, nach wat d’Krittäre fir d’Selektioun vun de Kandidaten ugoung. Dat hat den zoustännege Bureau vun der Uni, de Bureau des affaires professorales, selwer festgestallt, nodeems ee vun de Kandidate fir déi ausgeschriwwe Plaz do eng offiziell Plainte gemaach hat.