
Hie géing et virzéien, wann een et géing fäerdegbréngen, nees zu dräi - also Gewerkschaften, Patronat a Regierung, - zesummenzesëtzen, seet den Aarbechtsminister Marc Spautz op Nofro hin. Dëst als Reaktioun op e Bréif vun der Gewerkschaftsfront OGBL-LCGB e Méinden un de Premier Luc Frieden, wou och hien an de Vizepremier Xavier Bettel en copie waren. Reagéiert op d’Schreiwes direkt hätt hien awer net, well et un de Premier geriicht war. Hie wier elo amgaangen, dësem erauszesichen, wéini hien d’Gewerkschaften a wéini hien d’Patronat gesinn hätt.
D’Gewerkschaften haten am Bréif kritiséiert, dass et op enger Partie Dossieren zu der Aarbecht an der Beschäftegung net géing viru goen. Op nationalem Plang fuerdere si, dass den Outil vum Maintien dans l’emploi soll verstäerkt ginn, d’Legislatioun vum Reklassement nei gefaasst an d’Implementatioun vun der kënschtlecher Intelligenz an de Betriber misst diskutéiert ginn.
Et misst een him emol eng Chance loossen, fir kënnen eenzel Gespréicher ze féieren, betount de Marc Spautz. Schliisslech wieren och scho weider Rendez-vouse mat Gewerkschaften a Patronat ofgemaach. All déi Saachen, déi am Bréif ugeschwat goufen, wieren awer als Deel vum Koalitiounsaccord souwisou diskutéiert ginn.
Et wier méi schwiereg, konstruktiv virun ze kommen, well grad all d’Diskussioune géinge bilateral gefouert ginn. D’Gewerkschaften hate sech jo zejoert aus dem Comité permanent du travail et de l’emploi (CPTE) zréckgezunn. “Bei mir ass d’Bereetschaft do, direkt zu dräi ze diskutéieren. Mee, sou wéi ech dat verstanen hunn, ass de Moment op där anerer Säit, nach ëmmer keng Bereetschaft do, zu dräi ze funktionéieren”, ënnersträicht den Aarbechtsminister. Dëst géing senger Meenung no dozou bäidroen, méi séier an deene jeeweilegen Dossiere virun ze kommen.
De Marc Spautz ass dann och kuerz op déi verschidde Punkten aus dem Bréif agaangen. Déi europäesch Direktiv zu der Plattformaarbecht hätt nach kee Land ëmgesat, mee et wier een amgaangen, mat de Gewerkschaften an dem Patronat drun ze schaffen. E Mëttwoch hätt een hinnen d’Basisdokument geschéckt, an no der Fuesvakanz wäert ee sech gesinn, fir driwwer ze diskutéieren. Och zum soziale Mindestloun an der Direktiv vun de Kollektivverträg hätt et schonn eng Sëtzung ginn. Et wier een dobäi grad all déi néideg Chifferen zesummen ze droen. Bis Enn vum Joer hätt een awer souwisou d’Flicht, d’Direktiv ëmgesat ze hunn. Wat de Reklassement ugeet, wäert de Minister am Mäerz eng Sëtzung zesumme mam Gesondheetsministère hunn a sech dono da mat de Sozialpartner treffen.
“Beim Maintien dans l’emploi, do hu mer och eppes am Koalitiounsaccord stoen. Do muss ech awer soen, do hunn ech nach net ugefaangen drun ze schaffen”, ënnersträicht den Aarbechtsminister. Bei allen anere Punkte wier een awer amgaangen, am Ministère Analysen ze maachen.
Liest dozou eisen Artikel iwwer den neie Bréif un de Premier: