Nei Modalitéiten ëm d'Bestietnes an d'Partenariat/Pacs virgestallt

© AFP Archivbild
Mat den neie Modalitéite wéilt een de Koppele méi Flexibilitéit ginn, fir hir Feier ze plangen.
D'Inneministesch Taina Bofferding an d'Justizministesch Sam Tanson hunn en Dënschdeg de Moien déi nei Modalitéite presentéiert, mat deenen d'Hochzäit an de Partenariat/Pacs kënne moderniséiert ginn. Et wéilt een de Koppele méi Flexibilitéit ginn, fir hir Feier ze plangen. Deemno kënnen d'Gemengen an Zukunft nei Plazen op hirem Territoire definéieren, wou Leit offiziell bestuet oder gepacst kënne ginn. Et muss deemno net méi op der Gemeng selwer sinn.
Par konter misst et eng neutral Plaz sinn, dat heescht, et dierft dann och net an enger Kierch sinn, ausser wann dës desakraliséiert ginn ass, sou steet an engem Communiqué.
Schreiwes
Sot "Jo" op & zu der richteger Plaz!
Bestiednisser oder zivil Partnerschafte ginn och op anere Plaze wéi dem Gemengenhaus méiglech.
De Moien hunn d’Inneministesch Taina Bofferding an d’Justizministesch Sam Tanson déi nei a méi modern Modalitéite fir d’Organisatioun vun engem Bestiednis oder enger Partnerschaft (PACS) virgestallt.
Dës Moderniséierung hat d’Regierung am Koalitiounsaccord 2018-2023 virgeschloen, fir den Erwaardunge vun alle Leit, déi de Bond fir d’Liewe schléissen, besser entgéint kënnen ze kommen. Well Koppelen ëmmer nees de Wonsch geäussert hunn, dass d’Zeremonie méi op hir Bedierfnisser zougeschnidde misst sinn, war et de Ministesche wichteg, hinnen e méi zäitgeméissen an individuellen Usaz fir d’Gestaltung vun dëser Feier z’erméiglechen.
“Mir wëllen de Koppele méi Flexibilitéit bei der Feier vum schéinsten Dag vun hirem Liewe bidden. D’Gemenge kënnen an Zukunft nei Plaze fir dës Zeremonie bestëmmen. Domat entsprieche mir net nëmmen engem Wonsch vun der Bevëlkerung, mä och vun de Gemengen, déi sech méi Flexibilitéit zu Gonschte vun hiren Awunnerinnen an Awunner wënschen. Dëse Projet concernéiert jiddereen, a jidderee wäert dovu profitéieren.” freet sech d’Taina Bofferding.
An Zukunft kann de Gemengerot also, nieft dem Gemengenhaus, eng oder méi Plazen um Territoire vun der Gemeng bestëmmen, op deenen d’Bestiednis oder de PACS kënne stattfannen, ënnert der Konditioun, dass se d’Kritäre vum Gemengegesetz erfëllen. D’Koppele kréien domat d’Méiglechkeet, hir Lieblingsplaz, déi richteg Plaz, ënnert alle Plazen, déi d’Gemeng zréckbehalen huet, erauszesichen.
Déi Plazen, déi de Gemengerot fir Bestiednisser a PACSEN a Betruecht wëll zéien, mussen awer eng Rei Kritären erfëllen: Si mussen der Gemeng, dem Stat oder enger ëffentlecher Ariichtung gehéieren, sech um Territoire vun der jeeweileger Gemeng befannen, engem ëffentlechen Zweck déngen, en neutrale Charakter hunn, eng feierlech an ëffentlech Zeremonie fir d’Bestiednis oder de PACS garantéieren an et dem Officier de l’État civil erméiglechen, seng Aufgaben am Respekt vu senge Flichten z’erfëllen.
Dëst bedeit, dass den neutrale Charakter all Plaz ausschléisst, déi fir Gottesdéngschter genotzt gëtt. Zivil Zeremonië kënnen allerdings an entweite reliéise Gebaier stattfannen, och wann dës mat reliéise Miwwelen oder Géigestänn équipéiert sinn, well eleng déi rechtlech Entweiung ausschlaggebend ass.
Nieft de Gemengenhaiser kënnen z. B. historesch Denkmäler, Kulturzenteren oder Festsäll, Schlässer, déi fir ëffentlech Visiten accessibel sinn, Stadparken asw. zukünfteg genotzt ginn.
D’Sam Tanson begréisst dës Moderniséierung: “Dës Ouverture am Bezuch op d’Organisatioun vun zivillen Zeremonië spigelt d’Offenheet vun eiser Gesellschaft erëm, fir sämtlech Uniounen tëschent zwee Partner a Betruecht ze zéien. D’Feier vun dëser ziviller Unioun op enger gréisserer ëffentlecher Plaz oder enger Plaz, déi béide Partner gefält, entsprécht de gesellschaftlechen Erwaardunge vum 21. Jorhonnert.“
Doriwwer eraus kann de Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtesch engem anere Gemengerotsmember d’Aufgabe vum Officier de l’Etat civil fir e bestëmmt Bestiednis oder PACS méi einfach iwwerdroen. Dëst erméiglecht et, der Zeremonie eng perséinlech Note zu ginn, well et ëmmer méi oft virkënnt, dass zukünfteg Bestueten oder Liewenspartner drëm bieden, dass hiert Bestiednis oder hir Partnerschaft vun engem Gemengerotsmember geschloss gëtt, mat deem si eng frëndschaftlech Bezéiung hunn.
Méi Informatiounen iwwert de Gesetzprojet sinn online ze fannen op: https://gd.lu/4bPKfp