No der stënterlecher Fermeture vun der Ettelbrécker Maternité, déi um Enn bal 2 Méint wäert zoubleiwen, kënnt nees d'Fuerderung no engem Gebuertshaus.

Eng Rei fräischaffend Hiewannen hu sech elo an enger Associatioun zesummegedoen, fir esou e Gebuertshaus opzebauen an hunn eng Entrevue mat der Gesondheetsministesch gefrot.

Gebuertshaus Lëtzebuerg/Reportage Fanny Kinsch

An engem Gebuertshaus kéint een de Schwangeren eng 1-1-Betreiung ubidden, grad wéi eng Begleedung vun Ufank vun der Schwangerschaft un, seet d'Laure Baumann, d'Presidentin vun der Gebuertshaus Lëtzebuerg asbl.

"Eng Hiewan, déi sech ebe just ëm si këmmert dee Moment an net nach ganz vill aner Chargë ronderëm huet, nach 3-4 aner Fraen ze betreien huet, sou wéi dat an der Klinik de Fall ass."

De Modell géing et an den Nopeschlänner scho ginn an och hei géing schonn eng Nofro bestoen. Et géing een dovun ausgoen, datt 100 bis 120 Persounen d'Joer interesséiert wieren, fir an engem Gebuertshaus ze accouchéieren.

"Am Moment gi se an d'not Ausland, op Mäerzeg ass am noosten, wou all Mount Lëtzebuergesch Fraen accouchéieren an dofir wësse mer einfach, datt d'Demande do ass vun de Fraen a mir begleeden eben och zu 3 Hiewannen Hausgebuerten an och do hu mer eng ganz grouss Demande vu Fraen, déi bereet sinn, Doheem z'accouchéieren, déi dee Wee wëlle mat eis zesumme goen."

Dëst Joer hätten d'Hiewanne schonn 9 Gebuerten doheem begleet. Et ginn natierlech Krittären, bei deenen eng Gebuert Doheem oder an engem Gebuertshaus net a Fro kënnt.

Chaos an de Maternitéen: En Temoignage
An där Zäit, wou d'Maternité zu Ettelbréck hir Dieren zou huet, ginn eng 120 bis 140 Accouchementer a Richtung CHL a Klinik Bohler um Kierchbierg verluecht.

"Bei enger Zwillingsschwangerschaft, bei enger Stéissgebuert, alles wat eng Pathologie an der Schwangerschaft, en Diabetis, en héije Bluttdrock an der Schwangerschaft, Komplikatioune beim Kand..."

A fir de Fall, datt awer bei der Gebuert eppes schifgeet, misst d'Gebuertshaus no bei engem Spidol, am beschten am Zentrum vum Land sinn, seet d'Hiewan Laure Baumann. Et misst awer onofhängeg vun de Spideeler fonctionéiere kënnen. D'Gebuertshaus Lëtzebuerg asbl huet dës Woch eng Entrevue bei der Gesondheetsministesch ugefrot.

Iert dës Demande virlouch, hat d'Ministesch Paulette Lenert sech de 26. Abrëll an der Chamber an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert Carole Hartmann éischter skeptesch gewisen.

"Ech respektéieren déi Attributiounen, déi bestinn an d'Recht, dat jiddereen huet, dat ze froen, ech muss Iech awer ganz éierlech soen, datt dat eppes ass, dat ech perséinlech net wäert groussaarteg fërderen. Ech hu selwer meng eelsten Duechter, déi hätt ech haut net, wann ech an engem Gebuertshaus accouchéiert hätt oder Doheem, déi wier mat Sécherheet gestuerwen, wa se net bannent kierzter Zäit op engem Platteau technique gewiescht wier an dat ass och eng Approche, déi an der Direktioun vun der Santé am Moment gedeelt gëtt, mir setzen op maximal Sécherheet."

Och wann am Virfeld näischt géing drop hindeiten, kéint et zu Urgencë kommen, bei deenen all Minutt zielt, esou d'Gesondheetsministesch am Abrëll virun der Chamber.