Wéi gesäit d'Kanner- a Familljenhëllef an 10 Joer aus?
© Shutterstock
Op Invitatioun vum ONE kruten d'Acteuren aus dem Secteur e Freideg d'Geleeënheet, hir Revendicatiounen a Visioune virzestellen an ze diskutéieren.
Dat mat Bléck no hannen op d'Entwécklunge vun de leschten 10 Joer, awer och mat engem A op d'Reform vum Jugendschutz, déi d'Regierung dëst Joer op den Instanzewee geschéckt huet.
Duerch d'Reform géing e weidere Schrëtt no vir an der Familljenhëllef gemaach ginn, sou de Jacques Schloesser vun der Fedas, der Federatioun vun de sozialen Acteuren zu Lëtzebuerg. Allerdéngs misst nach d'Recht op Hëllef am Gesetz verankert ginn. "Am aktuelle Gesetz steet d'Recht eng Hëllef unzefroen, mir hätte gären e Recht op eng Hëllef. Am Gesetzesprojet, deen elo virläit, ass déi och net tel quel verankert an dat ass eppes, dat eis nach ëmmer en Uleies a wat mir och wäerte weider droen a weider afuerderen. A mir mengen, datt mer och domat an der Koherenz wären zu der allgemenger Deklaratioun vun de Kannerrechter vun der UNO."
Dem Secteur géing et dann och u Leit feelen, dofir wier et wichteg, datt d'Formatiounen ausgebaut ginn.
Fir d'Petra Böwen vun der Ances, dem Fachverband fir sozial Aarbecht an Erzéiung, misst d'Formatioun op allen Niveauen, vun der Aide socio-familiale bis zu der Fuerschung, iwwerduecht ginn. "All Professionellen am AEF-Beräich muss sech op senger Aarbecht och all Dag auserneesetze mat Drogeproblematiken, Gewalt an der Famill, Behënnerung, Migratioun, Benodeelegung, psychesche Krankheeten a sou weider. An dofir muss eiser Meenung no de Schüler, de Student och a senger Ausbildung, an all Ausbildung, eng generalistesch Grondlag kréien an dann opbauend, op déi jeeweileg Spezialiséierungen."
Nieft deene Professionellen am Secteur spille Fleegefamillen eng wichteg Roll an der Kanner- a Familljenhëllef. 620 Kanner waren d'lescht Joer an enger Fleegefamill. Der Mireille Molitor vun der asbl Fleegeeltere Lëtzebuerg no misst awer nach eppes geschéien, fir dass méi Famillje Kanner a Fleeg huelen, notamment um Niveau vum Congé. "Am Moment ralliéiert den Text sech um Pappecongé, dat heescht eng Fleegefamill, déi e Kand an enger Krisesituatioun ophëlt, kritt 10 Deeg Congé accordéiert. Dat ass bei Wäitem net genuch, fir e Kand mat besonnesche Besoinen z'encadréieren, well mir jo net professionell Fleegefamill sinn, mä eisen normale Beruff, dee mir hunn och weider wëllen ausüben."
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit huet sech an d'Joer 2032 eraversat a sech virgestallt, wat bis dohinner alles kéint geschitt sinn. "Den neien oder déi nei Okaju huet deen Owend 2032 gemengt, hien oder si wier frou, datt säit Joren déi individuell Reklamatiounen aus dem AEF-Beräich géing erofgoen an datt se net méi misst intervenéiere wéinst Verletzung vu Besuchsrecht, inadaptéierte Strofen, prozeduraler Gewalt an op hirem Tour duerch d'Haiser huet si ganz vill positiv, participativ Projete begéint."
Am Okaju senger Zukunftsvisioun wier och e Rapport iwwert d'Gewalt an den Institutiounen ausgeschafft ginn an d'Regierung hätt sech bei den Affer entschëllegt.