Duerch de Krich an der Ukrain ass d’europäesch Verdeedegungspolitik nees méi an de Fokus geréckelt. Den däitsche Bundeskanzler huet vun enger “Zeitenwende” geschwat. Och Lëtzebuerg wëll an Zukunft an de Militär investéieren. Eng Lëtzebuerger Delegatioun war um Dënschdeg bei enger spuenescher Start-Up, fir sech een onbemannte Solarfliger unzekucken.
Technologie vu Solar Impulse
De Schwäizer Aventurier Bertrand Picard huet mat sengem Projet Solar Impulse 2015 gewisen, datt et méiglech ass, mat engem Solarfliger ronderëm d’Äerd ze fléien. 2019 huet eng spuenesch Start-Up dës Iddi vun der Fondatioun Solar Impulse opkaaft an ass am Gaang, se weider ze entwéckelen. Zesumme mat engem grousse Player aus der Rëschtungsindustrie ass een am Gaang, en onbemannte Solarfliger, fir ënnert anerem militäresch Opklärungsmissiounen ze fléien, op de Marché ze bréngen. Eng Delegatioun aus Lëtzebuerg ass sech dëse Projet ukucke gaangen.
Pilot sëtzt a Cockpit
Nach kann de Solarfliger aus rechtleche Grënn net ouni Pilot fléien, och wann dëse kaum nach am Cockpit gefuerdert ass. An der Theorie kann de Skydweller 90 Deeg autonom fléien a spéider eng Charge vu 400 Kilogramm transportéieren. 3.600 Solarzelle beliwweren de Fliger mat Stroum. Duerch Fuerschung soll d’Gewiicht esou geréng wéi méiglech gehale ginn. Wat méi agespuert gëtt, wat een um Enn méi kann transportéieren.
De Verdeedegungsminister François Bausch huet um Dënschdeg eng Kooperatioun mat der spuenescher Entreprise ënnerschriwwen. Iwwert de Lëtzebuerger Verdeedegungsbudget gëtt an engem éischte Schrëtt den Deplacement vum Fliger an d’Karibik finanzéiert. Spéider kéint et och eng Zesummenaarbecht mat der Fuerschung ginn an och Lëtzebuerger Betriber kéinte sech um Projet bedeelegen, esou de Verdeedegungsminister.
International Kooperatioun
Nieft der Lëtzebuerger ass och déi amerikanesch, franséisch an italienesch Arméi mat involvéiert. De Fliger soll spéider op Distanz gesteiert ginn a kann Opklärungs- an Iwwerwaachungsmissioune fléien. De Lt. Col. Georges Campill suivéiert de Projet fir d’Defense, de gréissten Avantage wier, datt ee bei esou enger Maschinn kee Pilot méi am Fliger brauch, mee eng Persoun, déi vum Buedem d’Missioun kontrolléiert an et bréicht ee kee Sprit a kéint éiweg an der Luucht bleiwen.
Och zivillen Notzen
D’Recherche, déi an de kommende Joren an deem Beräich gemaach gëtt, wäert och der ziviller Loftfaart zegutt kommen. De Skydweller kann net nëmme fir militäresch Zwecker genotzt ginn, och e groussen Telekommunikatiounsgrupp ass drun interesséiert, iwwert dës Plattform 4 a 5G iwwert dem Amazonasbësch ze erméiglechen.