Ëmfro vu Bee SecureSozial Medien hunn negativen Impakt op Wuelbefannen

Marlène Clement
Där Meenung sinn iwwer 50% vun de Jonken tëscht 17 an 30 Joer.
© Bee Secure

Gutt iwwer d’Hallschent vun de Jonken tëschent 17 an 30 Joer am Grand-Duché hunn an enger rezenter Ëmfro vu Bee Secure uginn, datt déi sozial Medien en negativen Impakt op hiert Wuelbefannen hunn. Trotzdeem ass ronn een Drëttel vun de Befroten all Dag véier Stonnen oder méi op Social Media ënnerwee. Ënnert anerem déi Zuelen huet de Service national de la jeunesse en Dënschdeg de Moien am Kader vum Safer Internet Day virun der Press genannt.

Aus dem neie Rapport “BEE SECURE Radar” geet och ervir, datt Desinfomatioun a Fakenews esouwuel vu Jonker selwer, ewéi vun Enseignanten an Elteren als eng vun den Haaptgefore gesi ginn am Zesummenhang mat den neien Technologien.

D’Bee-Secure-Helpline ass iwwerdeems zejoert mat iwwer 700 Uriff däitlech méi dacks an Usproch geholl gi wéi déi Jore virdrun. 2024 waren et ronn 530 Uriff. An de meeschte Fäll goung et em Cyberkriminalitéit.

Pressecommuniqué
BEE SECURE Radar 2026: Rapport sur l’utilisation des TIC par les jeunes au Luxembourg (10.02.2026)

Back to Top
CIM LOGO