
De Weekend sollen d‘Temperaturen erëm an de Keller goen. Deen Ament riskéieren natierlech och d‘Stroosse glat ze ginn, esou datt muss gestreet ginn. Fir d‘Ëmwelt kann dat e Probleem sinn. Ma et feelt un effikassen Alternativen, erkläert den Ëmweltminister Serge Wilmes um Dënschdeg a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Charles Weiler.
Zanter Joerzéngte géif duerno gesicht ginn, ma bis ewell wier näischt fonnt ginn, wat genau esou effikass fir de Wanterdéngscht a gläichzäiteg komplett ëmweltschounend ass. Wou a wéi vill gestreet gëtt, géif awer all Joer analyséiert ginn, verséchert de Minister. Donieft erkläert hien, datt ze vill Salz wuel negativ Impakter op Natur, Mënsch an Déier kann hunn, dat awer bei Streesalz kaum de Fall wier. Beim Buedem géif ee just bei ganz héije Salzkonzentratiounen, also direkt nieft enger Strooss, an och just zäitlech limitéiert en Impakt gesinn. Hei am Land géif d‘Salz duerch de ville Reen am Wanter awer séier eraus gespullt ginn an déi meescht Planze wieren am Wanter och manner empfindlech op iwwerméisseg Salzkonzentratioune, well si dann an enger physiologescher Paus wieren.
Fir Wëld a Villercher wier d‘Salz attraktiv, wouduerch de Risiko fir Verkéiersaccidenter géif klammen. Zuelen dozou ginn et awer keng. D‘selwecht bei de Planzen, wéi zum Beispill de Beem, déi laanscht d‘Strooss stinn. Déi kéinten duerch vill Salz eng méi kuerz Liewensdauer hunn. Etüden dozou ginn et awer keng.
D‘Quantitéit vu Salz, déi an de Gewässer lant, géif iwwerdeems ënnert de festgeluechte Limitte bleiwen – och am Wanter. D’selwecht beim Drénkwaasser.