D'Police warntOnéierlecher gi sech via Messenger-Déngschter als Polizisten aus

RTL Lëtzebuerg
Et ginn ëmmer nees nei Bedruchsversich, déi Kéier via Online-Messenger.

Um Dënschdeg de Moie warnt d’Police an hirem Bulletin, dass se rezent ëmmer nees Fäll gemellt krut, wou Leit via Messenger-Servicer ugeruff kruten, bei deenen et ausgesäit, wéi wann et vun der Lëtzebuerger Police wier. An de Beispiller, déi hidrënner ze gesi ginn, goufen E-Mail-Adresse vun Gmail genotzt.

D’Police weist drop hin, dass si keng sou Uriff via sou Messenger-Servicer mécht.

© Police

Wann ee sou een Uruff géif kréien, soll een net ophiewen an den Uruffer och blockéieren. Et ass dann och de Rappell, dass een ëmmer d’ID respektiv d’Nummer soll iwwerpréiwen, éier een ophieft. Am Zweiwelsfall soll een den 113 kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO