Soll nach dëse Mount ulafenLiberty Steel huet neie Plan d’affaires fir d’Walzwierk zu Diddeleng virgeluecht

RTL Lëtzebuerg
Dat sot den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot no der Wirtschaftskommissioun en Donneschdeg.

Seng Begeeschterung iwwert d’Nouvelle hält sech awer a Grenzen: “Mir sinn do an enger “wait and see"-Attitüd. Déi lescht 15 Méint goufen do net ganz vill Versprieche gehalen. Dofir gesinn ech dat éischter skeptesch. Och d’Moral bei de Mataarbechter ass natierlech net ganz gutt. D’Fournisseure vertraue Liberty Steel net méi an d’Clientë si gréisstendeels ofgesprongen. Mir si prett. Mir hunn e Plang B an e potentielle Repreneur fir dat Wierk. Mee mer hunn d’Situatioun, datt Liberty Steel sech weider do net wëllt vun deem Wierk trennen.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot

De Wirtschaftsminister hätt léiwer, den neie Keefer géing d’Wierk iwwerhuelen. Dësen hätt och schonn e gudde Plang.

Zanter Ufank Abrëll scho gëtt zu Diddeleng um Site näischt méi produzéiert.

Back to Top
CIM LOGO