
De Bureau de gestion des avoirs huet fir den 21. Mäerz am Casino 2000 zu Munneref eng Stee vun 180 Luxusaueren, déi am Kader vun enger Blanchimentsaffär confisquéiert goufen, annoncéiert. Wéi et an engem Schreiwes vum BGA heescht, wier et déi lescht Stee, déi am Kader un dëser Affär organiséiert gëtt. Schonn am Juni 2024 an am Mäerz zejoert goufen an dësem Kontext 150 respektiv 202 Auere versteet.
Fir un der Stee den 21. Mäerz deelzehuelen, muss ee sech online umellen. Et kann een esouwuel op der Plaz, ewéi och online an iwwer Telefon matbidden. Wie matmaache wëll, ka sech d’Aueren de 17. 18. 19. an 20. Mäerz ukucken, nodeems ee sech online ugemellt huet. Den Dag vun der Stee selwer wäerten nëmme Fotoe vun den Auere gewise ginn.
De kompletten Erléis vun der Stee soll a Fonge fléissen, aus deenen d’Lutte géint verschidde Forme vu Kriminalitéit finanzéiert gëtt.