Dir hutt d'WuertDen Educatiounsminister beäntwert Är Froen zum Thema "Unisex-Toiletten"

Annick Goerens
E Mëttwochmoien hutt Dir nees d'Wuert. Dës Kéier zu den ëmstriddenen Unisex-Toiletten.

Déi annoncéiert Unisex-Toilettë fir Lycéeë sollten eng Mesure fir méi Toleranz a Gläichberechtegung sinn, ma se hunn awer éischter fir gesellschaftlechen Zündstoff gesuergt. Schüler, Elteren, Enseignanten: Wat haalt dir vun der geplangter Iddi? Wat sinn är Suergen oder är Froen? A wéi eng Roll spillen och Mobbing, Diskriminatioun a Gewalt?

Den Educatiounsminister Claude Meisch ass e Mëttwoch um 8 Auer live bei eis am Studio, fir op Är Froen a Remarken ze reagéieren.

Rufft eis un e Mëttwoch de Moien um 1330 oder schreift eis elo schonn Är Froen zum Thema “Unisex-Toiletten” iwwert de Formulaire hei um Site. Eis Emissioun “Dir hutt d’Wuert” iwwert d’Unisex-Toilettë leeft direkt no de Noriichten um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO