Wéinst deels gewalttätegen Eskalatiounen hunn de Policeminister an d'Justizministesch jo schonn Upassungen am Strofgesetz annoncéiert.

Op den 12 Anti-Covid-Manifestatiounen, déi an engem Perimeter ofgehale goufen, waren an der Moyenne all Kéier eng 400 Polizisten am Asaz. Iwwer déi gesetzlechen Upassunge a verschäerfte Strofen solle si an Zukunft besser geschützt ginn.

Esou soll zum Beispill Rebellioun géint Staatsgewalt mi streng bestrooft ginn. An d'Lëscht vun de Strofdoten opgeholl gëtt de sougenannten Doxing, d'Publizéiere vu privaten Donnéeë mam Zil, enger Persoun ze schueden.

D'Police kritt och d'Méiglechkeet, fir ënner Pseudonymmen um Internet ze enquêtéieren, wann et ëm Strofdote geet, op déi Prisong steet. D'Gesetz, fir d'Bodycams fir d'Police soll bis 15. Juli deposéiert ginn, sot de Policeminister Henri Kox.

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen begréisst, datt de Schutz vun de Beamte verstäerkt gëtt. Bedauert awer, datt een nach ëmmer net gewuer konnt ginn, ob d'Iwwerstonne vun de Manifestatioune scho konnten ofgebaut ginn oder net.

Manifestatiounsgesetz gëtt ausgeschafft

Dofir hat de Policeminister awer d'Informatioun parat, datt e Manifestatiounsgesetz amgaange wier, ausgeschafft ze ginn. Doranner misst d'Recht, fir ze manifestéieren, agebett ginn, grad wéi dat vun der Meenungsfräiheet, huet den Henri Kox betount. Wichteg wär awer och, datt ee Gesetz kéim, dat fir dat ganzt Land gëlle géif.

D'CSV ass presséiert, datt d’Manifestatiounsgesetz op den Instanzewee bruecht gëtt. Nodeem rezent een Organisateur vun den Anti-Covid-Manifestatiounen, dee wéinst Ophetzen, Menacen a Beleidegung - ënner anerem géint de Premier ugeklot war - elo an 1. Instanz fräigesprach gouf, stellt sech fir de Laurent Mosar awer eng weider Fro: nämlech ob eis Gesetzer kloer genuch sinn an de Strofekatalog grouss genuch ass, fir esou e Behuelen ze strofen.

Den CSV-Deputéierte wëll lo mol kucken, ob de Parquet an Appell geet a wat an dem Fall beim Urteel an zweeter Instanz erauskënnt.