OQ Technology schéckt éischt Noutfall-SMS direkt aus dem All op de Smartphone
© Ben Wagner
D'Lëtzebuerger Firma OQ Technology huet e Meilesteen erreecht, deen d'europäesch Sécherheets- a Kommunikatiounslandschaft kéint nei definéieren.
Iwwerschwemmungen, Cyberattacken oder eng Katastroph an der Atomzentral zu Cattenom – wann am Eeschtfall den Telekommunikatiounsreseau ausfält, bleift eng Optioun: de Weltall. An eng Lëtzebuerger Firma huet elo déi éischt Nout-SMS an Europa direkt vu sengem Satellit op den Handy geschéckt.
Wat fir OQ Technology e Meilesteen duerstellt, kéint och d'europäesch Sécherheets- a Kommunikatiounslandschaft nei definéieren. Als éischt europäesch Firma huet den OQ-Satellittereseau eng Noutfall-SMS direkt aus dem Weltraum op normal, onmodifizéiert Smartphonen uechter Europa geschéckt – an dat ouni eng App mussen ze installéieren, d'Software mussen unzepassen oder e speziellen Chip mussen ze hunn.
D'Demonstratioun zu Lëtzebuerg gëllt als Duerchbroch fir eng souverän europäesch Noutfallkommunikatioun, déi och a Krisesituatioune funktionéiere kann, wann déi traditionell Telefonsreseauen ausfale sollten.
"Dëst ass e Wendepunkt fir déi europäesch souverän Konnektivitéit", esou den Omar Qaise, CEO a Grënner vun OQ Technology. "Mir hu gewisen, datt Noutfallmessagen all Bierger zu all Moment kënnen erreechen – och ouni mobil Infrastruktur."
D'Firma aus Lëtzebuerg operéiert eng Low-Earth-Orbit (LEO) Flott vun aktuell 10 Satellitten. Domat positionéiert OQ sech als europäesche Géigepol zu groussen US-Konzerner ewéi Starlink, déi och rezent éischt sougenannten "direkt-op-de-Smartphone-Servicer" lancéiert hunn.
Eng "sécher, onofhängeg Backup-Léisung"
Bei der Demonstratioun zu Lëtzebuerg goufen Android- an iPhone-Geräter mat normalen OQ-SIM-Kaarte benotzt. De System funktionéiert och dann, wa GSM- oder 5G-Netzer duerch Cyberattacken, Iwwerlaaschtung oder Naturkatastrophen ausfalen.
"An esou Momenter brauch een eng sécher, onofhängeg Backup-Léisung. Satellitte sinn dann déi eenzeg funktionell Infrastruktur", erkläert den Omar Qaise.
Hien ënnersträicht, datt dës Technologie net nëmme fir Leit an ofgeleeëne Géigende relevant ass, mee och als zousätzlech Sécherheetsmesure fir urban a vernetzte Regiounen dénge kann.
Firwat ass dësen Duerchbroch eenzegaarteg?
OQ setzt op eng 3GPP-Standardtechnologie, dat heescht: Satellitten integréiere sech an de globalen Cellulairen-Ökosystem.
"Dëst erlaabt eis, ouni Hardware-Modifikatiounen op Milliarde Smartphone-Notzer zeréck ze gräifen", esou de CEO vun der Lëtzebuerger Firma. "Wa muer Automobilisten oder Industriegeräter 5G iwwer Satellitte brauchen, kënne si mat eise Partner-Netzer direkt mat eis verbonne ginn. Traditionell Satellittebedreiwer misste fir all Auto en eegene Modem aschrauwen – mir net."
Dëse Prinzip erméiglecht OQ eng massiv global Skaléierung. Nieft der EU plangt d'Firma och hier Satellitte-Kommunikatioun an Australien ze verbreeden, dat fir sougenannte "white zones", also Zone wou wéineg Leit wunnen a wou d'Telekommunikatiounsinfrastrukture limitéiert sinn, besser ze connectéieren.
Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg a weidere Länner
OQ Technology ass 2016 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. Aktuell schaffe 47 Mataarbechter zu Leideleng. De Staat huet d'Firma mat Launch-Programmer, Spektrum-Autorisatiounen an europäesche Partnerprogrammer ënnerstëtzt. Viru kuerzem huet OQ och d'Concessioun fir direct-to-device a 5G-IoT-Servicer vum Ministère fir Medien anTelekommunikatioun kritt – als éischt Firma iwwerhaapt an Europa.
Dem Omar Qaise no hätte schonn aner EU-Länner Interessi um OQ-Service gewisen. An engem vun hinne géifen d'Lizenznegociatioune kuerz virum Ofschloss stoen.
Wéini kréien d’Bierger déi éischt Noutfall-Test-SMS?
OQ plangt, zesumme mam Lëtzebuerger Staat, 2026 déi éischt voll operationell Noutfall-Broadcast-Servicer ze lancéieren. Parallel schafft d'Firma un zousätzleche Funktiounen, wéi schrëftlech Messagen an Telefonater tëscht zwee Smartphones iwwer Satellitt ze verschécken.
"Eist Zil ass, datt jidderee mat engem normale Smartphone kéint telefonéieren – och wann d'Netz um Buedem ausgefall ass", esou den Omar Qaise.
E lëtzebuergesche Champion mat europäescher Visioun
Mat sengem europäesche Spektrum, engem eegene LEO-Netz an enger starker Industrie-Ënnerstëtzung wëllt OQ Technology eng féierend Roll am europäesche Satelliten-Telekommunikatiounsökosystem iwwerhuelen.
"Mir hunn d'Leit, d'Technologie an de Spektrum", erkläert de CEO. "Lëtzebuerg huet hei eng éischtklasseg Positioun – a mir wëllen déi féierend europäesch Firma fir 5G-Satellittekommunikatioun ginn."