De Filmfong kritt iwwer déi nächst 4 Joer 180 Milliounen Euro
© RTL Symbolbild
En Dënschdeg gouf an der Chamber e Finanzéierungsgesetz gestëmmt, dat de Filmfong soll ënnerstëtzen. Just d'Piraten hunn dogéint gestëmmt.
Mam Finanzéierungsgesetz sollen d'Kreatioune méi staark gefërdert ginn, dorënner och Videospiller. D'Produktiounskäschte géife weider an d'Luucht goen an dofir wier esou eng Enveloppe och néideg, fir datt Filmer kënne kreéiert ginn, huet de Kulturminister Eric Thill um Krautmaart ënnerstrach.
Bis Enn Mäerz soll de Filmfong dem Staat iwwerdeems e Gestiounsplang virleeën, wou dann och dra steet, wéi et mat de Liquiditéite vum Fong ausgesäit an anengems eng Estimatioun gemaach gëtt, wéi vill Sue fir d'Produktioune gebraucht ginn.
Déi 180 Millioune sinn iwwregens e Plaffong vun deem, wat de Filmfong iwwert déi nächst 4 Joer vum Staat ka kréien. Et wier eng Zort Garantien, déi kënnen nogeschoss gi wa se gebraucht ginn, huet de Kulturminister nach betount.