Deputéiert plädéiere fir eenheetlech national Nummer bei Suicide-Gedanken
© Canva
D'Deputéiert hunn en Dënschdeg unanime eng Motioun iwwert eng eenheetlech Telefonsnummer fir Leit mat Suicide-Gedanken ugeholl.
"All Suicide dee ka verhënnert ginn, muss verhënnert ginn!" Dat huet d'LSAP Deputéiert Taina Bofferding en Dënschdeg de Mëtteg an hirer Interpellatioun iwwert Selbstmord an der Chamber betount. Et wier leider dacks nach ëmmer en Tabuthema an dofir wier et wichteg, en Zeechen ze setzen, a méi iwwert de Suicide ze schwätzen an dat ouni Jugement.
D'Santé mentale misst weider thematiséiert ginn an et bräicht een eng Gesellschaft, déi nolauschtert. D'LSAP-Deputéiert huet och en Appell un d'Gesondheetsministesch gemaach, fir "onbedéngt weider ze sensibiliséieren an och eng méi breet Akzeptanz vun de psychesche Krankheeten am Allgemengen ze erreechen. D'mental Gesondheet muss genau esou e Stellewäert kréien, wéi déi kierperlech Gesondheet."
Wann eng Persoun an enger Kris ass huet se dacks keng Kraaft, fir eng Recherche ze maachen. Et bräicht een eng Richtung an et misst een direkt wëssen, wou ee kann uruffen, seet den CSV-Deputéierte Ricardo Marquez, deen dowéinst fir d'Aféierung vun enger nationaler Nummer plädéiert: dem "119".
"Hannert dëser Nummer géif een eng multidisziplinär Ekipp stoen: Psychologen, Infirmièren, Sozialaarbechter a vläicht esouguer en Dokter. Leit, déi d'Nout kennen. Leit, déi wëssen, wéi séier empathesch a geziilt ee reagéiere kann. Si kéinten déi richteg Persoun op déi richteg Plaz leeden – Noutdéngschter, Spideeler, spezialiséiert Helplinen oder sozial Servicer", sou de Ricardo Marquez.
Dës Iddi fënnt och de Marc Baum vun déi Lénk excellent, well et aktuell u Koordinatioun géif feelen: "Et feelt eis net un Expertise, net un Engagementer vu Leit, och mengetwegen net u Budgeten. Et feelt, mengen ech, wierklech un engem verbindleche Kader, enger zentraler Struktur, déi déi verschidden Acteuren zesummeféiert."
Eng entspriechend Motioun iwwert esou eng eenheetlech Telefonsnummer gouf dann och unanime vun alle Parteien an der Chamber ugeholl an och vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez ënnerstëtzt. Och d'Riedner vun déi Gréng, der DP, de Piraten an CSV hunn alleguer d'Wichtegkeet vum Sujet ënnerstrach.
D'Ministesch Martine Deprez huet iwwerdeems nach betount, datt den Tiers payant social bei de Psychotherapeute sou séier wéi méiglech en place soll gesat ginn, genee wéi och den Tiers payant généralisé. Den offiziellen Statistiken no wier d'Situatioun zu Lëtzebuerg besser ginn iwwert déi lescht Joren, sou nach d'Martine Deprez.
2017 wier een nach bei 9,5 Leit pro 100.000 Awunner gewiescht, 2023 bei 6,3, déi sech d’Liewen huelen.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen aktuell schonn Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.