CSV zweiwelt un Eenegkeet tëscht LSAP an DP, Patrick Comes wuel Buergermeeschter
© RTL Archivbild
Zu Wolz steet d'CSV-DP-Majoritéit virum Aus.
Wéi d'LSAP, déi aktuell nach an der Oppositioun ass, an d'DP d'lescht Woch zesummen an engem Communiqué matgedeelt hunn, wäerten d'Sozialisten an déi Liberal eng nei Koalitioun forméieren. Bei der CSV weist ee sech enttäuscht an et spuert een net mat Kritik um Nach-Koalitiounspartner.
Et wier een zu all Moment bereet gewiescht, déi erfollegräich Aarbecht vun der aktueller Koalitioun virunzeféieren, heescht et vun der CSV. Wärend den Austausch mam DP-Schäffen Amel Cosic ëmmer gutt geklappt hätt, wier dat mat deenen zwee aneren DP-Conseilleren awer net de Fall gewiescht. Dës hätten nämlech direkt e puer Mol mat der Oppositioun an domadder géint hiren eegene Schäffe gestëmmt. Dat wier nieft perséinleche Grënn da wuel och mat ee Grond dofir gewiescht, datt den Amel Cosic decidéiert huet, sech als Schäffen zeréckzezéien. Hie huet seng Demissioun schonn agereecht, bleift awer nach am Amt, bis deen neie Schäfferot steet. RTL krut och confirméiert, datt den Amel Cosic dee Moment ganz aus dem Gemengerot demissionéiere wäert. Noréckele wäert wuel den Alphonse Arendt.
D'Nach-CSV-Buergermeeschtesch Carole Weigel wonnert sech trotzdeem doriwwer, datt et elo zu enger DP-LSAP-Koalitioun komme wäert, dobäi hätt den DP-Conseiller Maurice Muller an der Vergaangenheet dach méi wéi eng Kéier géint d'LSAP geschoss.
"Et huet ee vun Ufank un déi Spannunge gespuert wéi den Här Arndt nach am Gemengerot war. Hie gouf permanent attackéiert, ënnert anerem well jo nach Ermëttlungen um Parquet wéinst Affäre lafen, wou ech mech awer net dozou äusseren, well dat an der Vergaangenheet viru menger Zäit war. Do huet ee gesinn, datt permanent gesicht gouf, fir d'LSAP ze attackéieren. Et gouf och de Fall, wou dir als RTL eis kontaktéiert huet, wou et Streidereien op engem Fussballmatch gouf, wou den Här Muller sech geäussert huet an esouguer gesot huet, dat wier ee knallroude Veräin, also ass en och rëm géint eng LSAP gaangen."
De Maurice Muller relativéiert d'Streidereien aus der Vergaangenheet iwwerdeems.
"Wësst Der, an enger funktionéierender Demokratie ginn et ëmmer Meenungsverschiddenheeten. Déi ginn et am Gemengerot, déi ginn et an engem Comité an déi ginn et am dagdeegleche Liewen. Ech sinn der Meenung, sou Meenungsverschiddenheete si gutt fir eng Demokratie an do kann een och driwwer diskutéieren an do gëtt eng Kéier méi haart an eng Kéier méi lues diskutéiert, mee wichteg ass, datt ee sech herno gutt versteet. De Michel Schenk an ech, mir verstinn eis ganz gutt a mir waren inhaltlech an deene konstruktive Gespréicher iwwerteneen."
Datt et zum Broch vun der Koalitioun komm ass, hätt virun allem dorunner geleeën, datt d'CSV vun uewen erof mat der DP ëmgespronge wier an eng Partie wichteg Projeten, wéi zum Beispill d'Renovatioun vun der Schwämm an der Kaul, net richteg viru komm wieren.
Dem LSAP-Fraktiounschef Michael Schenk ass et wichteg ze betounen, datt d'CSV an d'DP op d'LSAP duerkomm sinn an net ëmgedréint. Fir d'éischt wier d'CSV op een duerkomm an et hätt ee sech eng Zesummenaarbecht och gutt kënne virstellen, eng Koalitioun tëscht deenen zwou Parteie géing ëmmerhi méi wéi 75 Prozent vun de Wieler representéieren, mee et wier ee sech bei der Besetzung vum Schäfferot net eens ginn.
"Eis Konditioun mat der CSV war einfach, datt déi dräi Éischtgewielten Albert Waaijenberg, meng Persoun an de Patrick Comes géingen de Schäfferot stellen. Do hu mer awer keen Accord fonnt a mir konnten net hannert eis Wierder goen, déi mer virun iwwert zwee Joer gesot hunn, datt mer net der Meenung wieren, datt déi Opstellung vum Schäfferot richteg wier. Mir hunn eis op eis Positioun behaapt an dunn hu mer keen Accord fonnt."
Well hie selwer aus beruffleche Grënn net fir de Poste vum Buergermeeschter zur Verfügung steet, gesäit et sou aus, wéi wann de Patrick Comes, dee kuerz no de Walen 2023 aus der CSV ausgetruede war a réischt rezent an d'LSAP agetrueden ass, neie Buergermeeschter wäert ginn. De Michael Schenk dierft dann 1. Schäffen an de Maurice Muller vun der DP 2. Schäffe ginn. Dat ass awer nach net offiziell decidéiert. Den 18. Dezember wäert am Gemengerot iwwert de Budget ofgestëmmt ginn, deen dierft da verworf ginn an dono kann eng Motion de censure agereecht ginn. Ufank vum nächste Joer dierft déi nei LSAP-DP-Majoritéit da stoen.
Iwwert d'Problemer an der CSV-DP-Koalitioun gouf iwwregens um héchste politeschen Niveau geschwat. Der Carole Weigel no gouf et eng Reunioun an der Stad, bei där esouwuel CSV- wéi DP-Ministeren an Deputéiert dobäi waren. Et wier dorëms gaangen, den DP-Schäffen Amel Cosic ze ënnerstëtzen. Ma déi Reunioun huet um Enn awer net dat erhofft Resultat bruecht.