D'Rettungsekippe vum CGDIS waren am fréien Dënschdegowend nees op e puer Asätz geruff ginn.

Um 18 Auer war et en Accident um CR309 tëschent Harel an dem Hareler Potto. En Auto ass hei géint en net weider preziséierten Obstakel gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert, d'Rettungsekippe vu Bauschelt a Rammerech waren op der Plaz.

Eng hallef Stonn méi spéit ass eng Persoun an der Rue de Charlotte zu Eech ugestouss ginn. D'Stater CGDIS-Ekippen hu sech ëm se gekëmmert.