Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg ass zu Lëtzebuerg en internationale medezinesche Kongress, wou et exklusiv ëm de Meniskus geet.

Am Konferenzzentrum um Kierchbierg gi fir dës 3 Deeg 400 Dokteren a Wëssenschaftler aus iwwer 40 Länner erwaart. Den intensive Programm ass mat Exposéen, Debaten, Video - Demonstratiounen an Ateliere gutt gefëllt.
Well d'Agrëffer um Meniskus zu den heefegsten Operatiounen zielen, ass dat e Sujet, deen och den normale Stierflechen dierft interesséieren. Aus deem Grond ass e Mëttwoch den Owend am Amphitheater vum CHL eng Konferenz zu deem Thema, wou jiddereen invitéiert ass, egal op Spezialist, Sportler oder einfachen Interessent.

Ëm wat et do genee geet, huet de Guy Seyler beim Professer Dr. Romain Seil nogefrot.

Meniskuschirurgie / Reportage Guy Seyler

Et ass zanter 2010 schonn de 5. Kongress, dee sech exklusiv ëm d'Blessurë vum Meniskus dréit. D'Entwécklung an der Medezin ass esou séier a villfälteg, datt een e spezifesche Sujet all puer Joer nei op de Leescht muss huelen. Dat ass och beim Meniskus esou. Haut gëtt net direkt eraus operéiert, seet de Professer Dr Romain Seil:

Vum technesche Standpunkt hier sinn et an de leschten 10–15 Joer extrem vill nei Entwécklunge ginn, vun deenen der ganz vill aus Europa an och vu Lëtzebuerg kommen. Dat huet an der Meniskuschirurgie zu engem Paradigmewiessel gefouert. Fréier gouf de Meniskus bal systematesch erausgeholl, wat dann zu enger Fréientwécklung vun enger Arthros am Knéi gefouert huet. Haut reparéiere mir Menisken, wann et nëmme geet. An dat ass relativ oft.

Meniskusse sinn d'Amortisseure vum Knéi. An all Knéi huet een der zwee, ee bannen, an ee baussen. Wann ee feelt, da kënnt et zu Komplikatiounen:

Wann e Meniskus feelt, da gëtt bei Belaaschtung d'Kraaft, déi vun enger Schank op déi aner iwwerdroe gëtt, op eng vill méi kleng Fläch iwwerdroen. An dat féiert derzou, datt de Knorpel am Gelenk iwwerlaascht gëtt. An do entwéckelt sech relativ séier eng Arthros. Also Gelenkverschläiss. Dat ass esou, wéi wann een de Profil um Pneu verléiert.

Et ginn 3 Zorte vu Lesiounen. Déi eng sinn ugebueren. Do kann et schonn an der Kandheet zu Péng am Knéi, zu Blockagen a Schwellungen kommen. Da ginn et déi traumatesch Lesiounen, déi typescher Weis beim Sport entstinn.
An da ginn et déi degenerativ Verletzungen, déi am Alter optrieden a verschläissbedéngt sinn.
Wei geet en dann do vir:

Ugebueren Meniskusanomalien, déi Symptomer verursaachen, oder traumatesch Meniskusverletzunge ginn an der Reegel operativ versuergt. Bei verschläissbedéngte Lesioune soll primär net operativ behandelt ginn. Do ginn et nei Richtlinnen, déi an de leschte Joren etabléiert goufen. Do kritt een d'Symptomer an iwwer 80% vun de Fäll ouni Operatioun an de Grëff.

D'Tendenz ass kloer. Et gëtt net méi direkt eraus operéiert, well wann een a jonke Joren de Meniskus eraushëlt, ass d'Warscheinlechkeet grouss, datt sech am Knéi eng Arthros entwéckelt. Vill nei technesch Entwécklungen aus de leschte Joren hunn zu engem Ëmdenke gefouert:

Déi erlaben eis et haut quasi all Typ vu reparabele Meniskuslesiounen minimal invasiv, also arthroskopesch ze reparéieren. Et ass weltwäit zu engem Paradigmewiessel komm. Fort vun der Meniskusresektioun, hin zur Meniskusreparatioun.

Wann dat e Sujet ass, deen Iech interesséiert, dann notéiert Iech de Rendez-vous e Mëttwoch, 6. Juli vun 18.30 bis 19.30 Auer am Amphitheater vum CHL.

Referente sinn zwee vun de renomméiertste Chirurgen um Gebitt vun der Meniskuschirurgie: de Professer Philippe Beaufils vu Versailles, wat d'Reparatioun vum Meniskus ugeet, an de Professer Rene Verdonk vu Gent, wat d'Transplantatioun vum Meniskus betrëfft.