Tëschefall an der StadStaark alkoholiséierten Déif konnt vu Passante gestallt an dono festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt zwee Tëschefäll mat alkoholiséiere Persounen an der Stad an zwee Abréch an Autoen.
© Laurent Weber

Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, konnt e Samschdeg den Owend e Mann gestallt ginn, deen an der Stad enger Fra probéiert hat, hir Posch ze klauen. De Mann hat ofgewaart, bis d'Fra ee Moment net opgepasst huet, an huet dunn d'Posch u sech geholl. Ma wéi hie probéiert huet, fir ze flüchten, konnt hie vun anere Leit, déi och op der Plaz waren, gestoppt ginn. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, war de schwéier alkoholiséierte Mann och nach do. Dowéinst hu si hie mat op de Policebüro geholl. De Mann war awer guer net kooperativ an huet méi wéi eng Kéier vun engem Polizist missten immobiliséiert ginn. Dowéinst gouf dann och d'Decisioun geholl, datt hien d'Nuecht am Arrest verbréngt.

Do kéint hien dann op e Mann getraff sinn, deen vun der Police matgeholl gouf, well hien an engem Bus randaléiert. Och dëse Mann, deen däitlech ze déif an d'Glas gekuckt hat, konnt vun de Beamten, déi geruff goufen, net berouegt ginn. Éier hien awer op de Policebüro koum, hat hien nach e Rendez-vous bei engem Dokter.

Da mellt d'Police verschidden Abréch an Autoen, dorënner am Pafendall, wéi d'Fënster vun engem Gefier opgebrach goufen an déi Onéierlech Wäertgéigestänn an Dokumenter matgoe gelooss hunn. Zu Capellen da goufe Géigestänn aus engem Auto matgeholl, deen net zougespaart war.


Tipps vun der Police
Rotschléi, géint Abréch an den Auto
Rotschléi fir Autoe mam "Keyless-Go"System

Back to Top
CIM LOGO