Fréier däitsch Ministesch Kristina Schröder"Versuergung duerch Wand- a Sonnenenergie ass eng Utopie"

Diana Hoffmann
Di fréier däitsch CDU-Familljeministesch Kristina Schröder hat op Invitatioun vun der ADR un enger Table ronde mam Titel "Der Atomausstieg war ein Fehler!" deelgeholl.
© Kristina Schröder

Am Joer 2000 hat déi rout-gréng Bundesregierung an Däitschland de graduellen Ausstig aus der Atomenergie decidéiert. 2002 war dëst gesetzlech verankert ginn. No der Katastroph vu Fukushima 2011 war du vun der CDU/CSU- an FDP-Regierung de finalen Ausstig bis Enn 2022 decidéiert ginn.

Kristina Schröder zu Atomenergie - Reportage Diana Hoffmann

"Den Atomausstig war e Feeler", dat seet haut déi fréier CDU-Familljeministesch an der Regierung vun der Angela Merkel, d’Kristina Schröder. Ëmmer schonn hätt si dat gesinn, mee zu där Zäit hätt si grad hiert éischt Kand kritt, an dofir d’Gefill gehat, net offensiv dogéint optrieden ze kënnen. Haut engagéiert si sech an engem vun hir matgegrënnten Denkfabrick mam Numm Republik21. Di ganz Dimensioun vum Feeler wier hir 2021 kloer ginn, wou ëmmer méi däitlech gi wier, dass d’Energietransitioun géing an eng Sakgaass féieren. Besonnesch nodeems de bëllege Gas aus Russland ewechgefall wier. "D’Energietransitioun hat staark op dëse Gas gesat. Do gouf fir mech offensichtlech, dass mer op engem falsche Wee wieren", sou déi fréier Ministesch.

Haut seet si: "Ech halen d’Atomenergie fir eng vun den zentrale Froen, wann et dorëm geet, ob Däitschland säi Wuelstand kann halen". Vun dëser Fro géinge Saache wéi di medezinesch Versuergung an d’Qualitéit vum Bildungssystem ofhänken. Déi ekonomesch Problemer vum Land hätte besonnesch och mat der Energiepolitik ze dinn.

All Energieform wier mat ënnerschiddleche Risike verbonnen

 Kritiker vun der Atomenergie hunn eng Partie Argumenter. Vun den héije Käschten, iwwert déi laang Konstruktiounsdauer bis hin zum Atomknascht an dem Risk vun Accidenter. A China wier et gelongen, d’Bauzäit ze reduzéieren duerch e Standardiséiere vun der Bauweis. Doriwwer eraus wier eng Lafzäit vu bis zu 80 Joer méiglech, wat d’Käschte géing eendeiteg reduzéieren. An och fir den Atomknascht géingen et antëscht Léisunge ginn, wéi Finnland géing weisen. Finnland verpéckt de radioaktive Knascht a Kupferbehälter a lagert dës a bis zu 450 Meter Déift an Tunnellen, déi dono zougemaach ginn.

All Energieform hätt hir Risiken, déi ee misst betruechten, seet d’Kristina Schröder. De Feinstëbs vun de Kuelekraaftwierker géing zum Beispill all Dag zu Doudesfäll féieren. De Gas misst deier mat Schëffer importéiert ginn. A Wandkraaft géing zu enorme Käschte fir d’Stroumnetz féieren, fir d’Wandenergie vum Norden an de Süden ze transportéieren.

Erneierbar Energië just als Deel vun der Léisung

An Däitschland hätt een antëscht 50 bis 60 Prozent erneierbar Energien. Dat wier och gutt esou. Mee fir déi aner 40 bis 50 Prozent, déi bleiwen, bräicht een Energiequellen, déi net vu Wand oder Sonn ofhängeg sinn, an do wier d’Kernenergie déi beschte Léisung. "Ech halen eng honnertprozenteg Versuergung eleng duerch Wand- a Sonnenenergie fir eng Utopie", ënnersträicht déi studéiert Soziologin a Politikwëssenschaftlerin. Länner wéi Norwegen oder Éisträich kéinte méi staark op erneierbar Energië setzen, well se vill Waasserkraaft hunn. Mee Wand a Sonn géingen eben ëmmer vum Wieder ofhänken. Méiglech Backup-Optiounen an Däitschland wieren ebe Kuel, Gas oder Atomkraaft.

Ganz dovun ofgesi géing Atomenergie och méi Onofhängegkeet bedeiten. Uran kéint aus Kanada a Südafrika kommen. Et géing een och vergläichsweis wéineg brauchen a kéint dëst Méint bis Jore lageren. "Den Ausstig aus der Atomenergie berout op der Hypothees, dass bëllege Gas aus Russland d’Versuergung géing sécheren. Dat huet sech als Feeler erausgestallt", mengt d’Kristina Schröder. Ma wéi et elo weidergeet, wier eng ekonomesch Fro. D’Energiepräisser an Däitschland wieren héich, Entreprisë géinge Plazen ofbauen oder hir Produktioun an d’Ausland verlageren. Aus der Siicht vun der CDU-Politikerin géing Däitschland ëmmer méi an d’Deindustrialiséierung rutschen, wat si fir eng Katastroph hält.

De Choix fir Atomenergie wier dee politesch Vernënftegen

Atomenergie ass e Sujet, deen dacks net sachlech gefouert gëtt. D’Internetsäit vun der Denkfabrik Republik 21, déi Enn 2021 vum Kristina Schröder mat gegrënnt gouf, gräift de Sujet och op. Eng Säit, déi awer reegelméisseg och als politesch ze wäit riets a rietskonservativ kritiséiert gëtt. D’Denkfabrick bezeechent sech selwer awer als liberal-konservativ.

Reegelméisseg féiert och d’ADR hei am Land en Debat iwwert d’Atomenergie a kritiséiert Anti-Atom-Positiounen. Dacks géingen Diskussiounen ideologesch gefouert ginn. "D’Geschicht vun der Kernenergie ass staark vun Angschtbiller gepräägt", fënnt och d’Kristina Schröder. Dës géinge bis haut nowierken. Dass awer e puer Rietspopulisten d’Thema haut opgräifen, géing net automatesch heeschen, dass se et eeschthaft léise wéilten. "Ech fanne villméi, dass déi politesch Mëtt, besonnesch maartwirtschaftlech Parteie wéi d’Unioun oder d’FDP, endlech de Courage sollen hunn, de Sujet nees sachlech unzegoen", sou d’Politikerin. Op EU-Niveau verfollegt d’Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen nees en däitlech méi atom-frëndleche Kurs. Et géing hei ëm ekonomesch Vernonft goen. Energie wier d’Liewensoder vun der Ekonomie, mengt d’Kristina Schröder.

Lëtzebuerg an Däitschland hätte gemeinsam, dass déi zwee Länner vum bëllegen an zouverlässegen Atomstroum aus Frankräich profitéieren. Et misst een iwwert eng europäesch Léisung nodenken. Däitschland a Lëtzebuerg kéinte sech zum Beispill un de Käschte fir d’Sanéierung vum Kraaftwierk zu Cattenom bedeelegen an dofir Kapazitéite kréien. Esou europäesch Léisunge géingen aktuell vill ze wéineg diskutéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO