D’Chamber huet en Dënschdeg de Mëtten hiren Accord ginn, datt Schweden a Finnland Nato-Member ginn.

Wéinst dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain hunn déi zwee skandinavesch Länner decidéiert, hir historesch Neutralitéit opzeginn an der Militärallianz bäizetrieden.

58 vun de 60 Deputéiert hu fir zwee Gesetzer gestëmmt, mat deenen dat soll erméiglecht ginn. Just déi Lénk hu sech enthalen. Et géing een d'Sécherheetsbedenke vu Schweden a Finnland verstoen. Allerdéngs ass d'Partei der Nato géigeniwwer allgemeng kritesch agestallt. Déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis huet och d’Roll vun der Tierkei an der Prozedur schaarf kritiséiert.

Eréischt d'lescht Woch hat sech déi Lëtzebuerger Regierung fir eng Nato-Memberschaft vu béide Länner ausgeschwat an en entspriechende Gesetzprojet am Regierungsrot ugeholl.