Auto géint Bam tëscht Béiweng a Fenteng

© Domingos Oliveira
E Mëttwoch de Mëtteg gouf et en uergen Accident um CR159. Éischten Informatiounen no soll eng Persoun blesséiert gi sinn.
D'Strooss huet misse fir de Verkéier gespaart ginn.
Géint 11 Auer e Mëttwoch gouf et zu Gréiwemaacher eng Frontalkollisioun tëscht engem Auto an engem Bus, hei goufen zwou Persoune verwonnt.
An der Stad an der Rue Ste. Zithe war an enger Kichen eng Friteuse a Brand geroden. Hei gouf eng Persoun mat enger liichter Dampvergëftung gemellt.
Weider Accidenter
En Dënschdeg den Owend goufen zwee Motarden an Accidenter blesséiert. Zu Bouneweg huet an der Rue de Bonnevoie een Haus gebrannt.
Zu Rolleng gouf an der Rue du Lycée géint 17.45 Auer eng Persoun blesséiert, wou en Auto an e Moto aneneegerannt sinn.
En Accident gouf et och en Dënschdeg den Owend géint 20.30 Auer zu Munneref. An der Avenue Frantz Clement war en Automobilist an dräi geparkte Ween gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Ëm déi nämmlecht Zäit gouf et och ee Blesséierten zu Diddeleng an der Rue de Lauenburg. En Auto an e Motorrad waren anenee geknuppt an e Samu-Won misst op d'Plaz fueren. Wéi d'Police e Mëttwoch de Mëtteg preziséiert huet, war de Motocyclist op déi falsch Fuerbunn geroden an du mam Auto kollidéiert. De Motocyclist, dee keng Fuererlabnis hat, gouf beim Accident schwéier blesséiert. D'Fuererin vum Auto gouf liicht blesséiert a stoung ënner Schock.
Géint 22.30 Auer huet zu Bouneweg an der Rue de Bonnevoie iwwerdeems en Haus gebrannt. Et ass beim Materialschued bliwwen.
Wéi d'Police mellt, sinn an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch och eng Rei Alkoholkontrolle gemaach ginn, dat tëscht 21 an 1.30 Auer op der N27 zu Ierpeldeng un der Sauer, op der N17 zu Gilsdref an op der N7 zu Angelduerf. 428 Automobiliste goufe kontrolléiert a 7 Fäll war den Test positiv, ma kee Permis huet missten agezu ginn.