Editioun mat Rekordzuel vun 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber
D'Schueberfouer fänkt a genee engem Mount un. Eng Stater Kiermes, déi nees ënnert de Pre-Covid-Konditioune bis de 7. September dauert.
Dës Editioun zielt eng Rekordzuel vun 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber, woubäi een Drëttel vun alle Foraine Lëtzebuerger sinn. Eng nei Attraktioun um Glacis ass dëst Joer déi gréisst transportabel Geeschterbunn vun der Welt. Nei ass och, datt d'Horairen tëscht mëttes an eng Auer nuets harmoniséiert goufen an deemno d'Fräi Nuechte freides a samschdes ewech falen.
Spiller, déi nees de Wee zréck op Lëtzebuerg fannen, sinn ënner anerem den Top Spin, den Hangover an den Hexentanz.
Och den Ëmweltaspekt spillt op der Fouer eng Roll: sou soll an de Restauranten op Material gesat ginn, dat gespullt oder nees ka gebraucht ginn an och soll triéiert ginn.
Den Ofschloss vun der Fouer ass no 20 Deeg den 7. September owes mat engem Freedefeier. Deen Dag gëllt op alle Spiller den hallwen Tarif. Um Familljendag, de 24. August, gëlle reduzéiert Tariffer.