Liberty SteelZu Diddeleng gëtt zwar nees geschafft, mä d'Onsécherheete bleiwe ganz grouss

Pit Everling
RTL-Informatiounen no hunn d'Aktivitéiten um Liberty-Steel-Site zu Diddeleng en Dënschdeg ugefaangen, ma se ginn Enn der Woch awer schonn nees gestoppt.
© RTL-Archivbild

Zënter Mäerz waren d’Maschinnen zu Diddeleng gestoppt. Dës Woch gouf nees ugefaange mat schaffen, awer just temporär. Dat wieren also allgemeng net onbedéngt gutt Nouvellen, heescht et vum LCGB. Och fir eng Reprise vum Site gesäit et am Moment net all ze gutt aus.

Liberty Steel Diddeleng / Reportage Pit Everling

De Stolacteur Liberty Steel stécht a Schwieregkeeten. Nodeems déi Responsabel awer bei der belscher Justiz d’Liquidatioun annuléiert kruten, hale se un de belsche Sitten an och um Standuert Diddeleng fest.

En Dënschdeg gouf zu Diddeleng nees ugefaange mat schaffen, woubäi een net wierklech vu gréisseren Aktivitéite kéint schwätzen, sou de Robert Fornieri vum LCGB: “Mir missten eis freeën, mä mir drécken eis do ganz virsiichteg aus. Et gëtt lo ongeféier 3 Deeg geschafft a mir si bei 3.000 Tonne fir de Juli. Bei de Kapazitéite leie mer bei 5%.”

D’Aktivitéiten zu Diddeleng sollen duerno och eréischt an e puer Wochen nees opgeholl ginn. D’Onsécherheete wiere weider grouss: “D’Klima bleift onsécher a mir hu keng wierklech Perspektiv. Mir sinn net rassuréiert.”

Mat der Konjunktur vun de leschte Méint wieren d’Sitten natierlech valoriséiert ginn, dofir wéilten déi Responsabel vu Liberty Steel se vläicht och net ofstoussen. Datt et keng Vente gëtt, wier awer ze bedaueren, ëm sou méi, well ee fir de Site Diddeleng en zolitte Repreneur hätt: “Mir bedaueren, datt dat nach näischt ginn ass, well d’Konjunktur appropriéiert gewiescht wier. Et wier awer nach net verluer.”

Deen Deal mam potentielle Repreneur kann also net zustane kommen, soulaang Liberty Steel net verkeeft. Do kéint och d’Regierung näischt maachen, sou den LCGB-Vertrieder, dee wéi gesot d’Hoffnung awer net opgëtt.

Bei Liberty Steel schaffen am Moment nach méi wéi 160 Leit. D’Employéë ginn zwar nach weider bezuelt. mä verschidde Mataarbechter wieren awer wéinst den Onsécherheete schonns hirer Wee gaangen, heescht et nach vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

Back to Top
CIM LOGO